Néierlage fir d'Dammen an d'Häre vum Padel Team Lëtzebuerg

© FLT
Um éischte Spilldag sollt et fir béid Formatiounen net duergoen, fir ze gewannen.
D'Lëtzebuerger Hären hu mat 1:2 géint Rumänien de Kierzere gezunn. Am éischte Match hunn den Tom Maquel an den Alex Marinov ganz knapp mat 6:7 (4), 6:7 (1) géint d'Koppel Silviu Mircea Popescu/Denis Adrian Mocanu verluer. Direkt am Uschloss konnten de Clement Pelt an den Elie-Noé Nicolay duerch eng 7:5, 7:6 (9)-Victoire géint den Duo Horia Vladimir Nedelcu/Robert Florin Popescu zum 1:1 ausgläichen. Am entscheedende Match waren de Frank Eicher an de Maxime Moersch dem Armand Baboian an dem Robert Coman dunn awer 0:6, 1:6 ënnerleeën. E Mëttwoch treffen d'FLT-Männer an hirem zweete Match an der Grupp D no 14.00 Auer op Finnland.
D'Damme vum CUPRA Padel Team Lëtzebuerg hu sech musse mat 0:3 géint Kroatie geschloe ginn. Fir d'Natasha Feidt an d'Jo Weisen gouf et eng 0:6, 0:6-Defaite géint den Duo Tea Jezidzic/Tea Lovrekovic, d'Claudine Schaul an d'Céline François hu mat 2:6, 4:6 géint d'Karolina Balog an d'Lea Jurkovic verluer, an d'Arianna Ceccaroni an d'Walquiria Bley mat 2:6 , 3:6 géint hir Géignerinne Marina Pavkovic/Katja Hrkac. D'Lëtzebuergerinnen treffen an hirem zweeten a leschte Gruppematch e Mëttwoch vun 10.00 Auer un op d'Ukrain.
D'Resultater an de Live-Score gesitt Dir HEI.