En Donneschdeg den Owend goufen am Kader vun der Futtball-EM bei de Fraen déi leschte Matcher am Grupp A gespillt. Dobäi war et bis zum Schluss spannend.

Am éischte Match vum Grupp konnte sech d'Norwegerinne no engem spektakuläre Match mat 4:3 géint Island behaapten. Nodeems d'Islännerinnen d'Norwegerinne mat engem fréie Gol geschockt haten, konnten dës sech awer nees an de Match kämpfen an dësen um Enn gewannen. Am zweete Match vum Owend ass Finnland op d'Schwäiz getraff. An engem serréierten an ëmkämpfte Match trenne sech béid Formatioune mat engem 1:1. Deemno konnte sech d'Norwegerinnen als Gruppenéischt souwéi d'Schwäizerinnen als Gruppenzweet fir d'Véierelsfinalle qualifizéieren.

Fir d'Norwegerinnen ass et am Match géint Island net méi ëm all ze vill gaangen. Si hate sech schonns no der Victoire géint Finnland am zweete Match vun der Gruppephas fir d'Véierelsfinalle vun der EM qualifizéiert. Dovunner hunn d'Islännerinnen an der Ufanksphas profitéiert, déi monter opgespillt, hir Géignerinne fréi ënner Drock gesat an esou och ganz fréi am Match e Gol geschoss hunn. Esou konnt d'Jonsdottir an der 6. Minutt den 1:0 fir Island markéieren. D'Norwegerinnen hu sech kuerz misse rëselen, mä hu sech dunn awer nees an de Match gespillt a schonns an der 15. Minutt duerch d'Gaupset egaliséiert. Och den nächste Gol ass op de Kont vun der 20 Joer jonker Norwegerin gaangen. An der 26. Minutt konnt si mat engem schéine Flaachschoss an de lénken Eck hir Faarwen a Féierung bréngen. Mat dësem Score ass et dunn an d'Paus gaangen. No der Paus huet et net laang gedauert, du konnten d'Norwegerinne fir déi drëtte Kéier am Match feieren: An der 49. Minutt ass et den Islännerinnen ze séier gaangen, soudatt d'Maanum eleng virum islännesche Golkipp de Ball am Gol ënnerbrénge konnt. An der 75. Minutt sollt och hir den zweete Gol am Match geléngen, soudatt et 4:1 stoung. D'Eiriksdottir konnt an der 84. Minutt nach op 4:2 verkierzen an d'Viggosdottir an der 96. Minutt op 4:3, mä un enger islännescher Defaite konnten och si näischt méi änneren.

Am anere Match vum Owend war nach vill Spannung dran. Esou konnte souwuel d'Schwäiz, ewéi och Finnland nach an d'Véierelsfinallen anzéien. Dobäi haten d'Schwäizerinnen déi besser Ausgangspositioun. Esou huet Finnland zwéngend misse géint d'Schwäiz gewannen, fir weiderzekommen, wougéint de Schwäizerinne virun heemeschem Publik e Gläichspill duergaange wier, fir an déi nächst Ronn anzezéien. D'Spectateure kruten zu Genf en ausgeglachene Match vu béide Formatiounen ze gesinn, an deem sech béid Ekippen iwwert wäit Strecke vum Match neutraliséiert hunn a keng Ekipp dem Match hire Stempel esou richteg opdrécke konnt. De Match war manner vu Golchancë gepräägt, mä éischter vum Kampf, soudatt dësen dacks ënnerbrach war an och kee richtege Spillfloss opkomme wollt. Souwuel an der éischter ewéi och an der zweeter Hallschent kruten d'Spectateure kee Futtballspektakel ze gesinn. An der 79. Minutt sollt déi finnesch Spillerin Kuikka dunn awer e ganzt Land matten an d'Häerz treffen. Dëst nodeems si e Gol op Penalty markéieren an domadder d'Finninnen a Féierung brénge konnt, soudatt dës d'Schwäizerinnen an der Tabell iwwerholl hunn a si domadder eliminéiert hätten. Dës hu sech awer net opginn an hunn an der Schlussphas vum Match nach eng Kéier alles no vir geworf an dëst sollt sech och bezuelt maachen. An der 92. Minutt stoung d'Xhemaili goldrichteg a konnt e Ball, deen iwwert Ëmweeër bei hir gelant war, aus gutt 5 Meter am Gol ënnerbréngen. Mat dësem Score sollt de Match dunn och op en Enn goen, soudatt béid Formatioune sech mat engem Gläichspill trennen an d'Schwäizerinnen domadder an d'Véierelsfinallen anzéien.

All d'Tabellen am Iwwerbléck