Swiatek nei Kinnigin vu Wimbledon

© AFP
Fir d'Polin ass et den éischten Titel un der Church Road. Si huet d'Amanda Anisimova an der Finall an zwee Sätz dominéiert.
Wimbledon huet eng nei Tennis-Kinnigin. D'Iga Swiatek huet sech an der Finall kloer géint d'Amanda Anisimova duerchgesat. D'Polin konnt no 2 Sätz (6:0 an 6:0) feieren. Fir d'Swiatek ass et de 6. Grand-Slam-Titel, mee hiren éischten zu Wimbledon.
Et wär sou oder sou eng Première gewiescht, well bis elo hate weeder d'Swiatek nach d'Anisimova d'Coupe vum prestigiéiste Grand Slam gewonnen oder iwwerhaapt an der Finall um Center Court gestanen. Et war och déi éischt Kéier, dass béid Spillerinnen op der WTA-Tour openeegetraff sinn.
Ënnert den Ae vun der Prinzessin Kate huet d'Swiatek direkt mat honnert à l'heure lassgeluecht a louch séier 3:0 vir. Et huet een der Anisimova d'Opreegung bei hirer éischter Grand-Slam-Finall ugemierkt. Si konnt hiert Kënnen, dat si an de Ronne virdrun, a virun allem géint d'Aryna Sabalenka an der Halleffinall gewisen hat, net ofruffen. Duerch vill einfach an och duebel Fautë vun der Amerikanerin konnt d'Swiatek op 5:0 dervunzéien a kuerz drop de Sazgewënn asäckelen.
Och am zweete Saz krut sech déi 23 Joer al Anisimova net gefaangen an d'Swiatek, déi just ee Joer méi al ass, huet all Feeler genotzt. Bis zum Enn huet d'Polin kee Saz ofginn a gewënnt no 57 Minutte kloer 6:0 a 6:0. Et ass déi éischt Kéier zënter Roland Garros 1988, dass eng Finall mat dësem Resultat ausgeet. Deemools hat d'Steffi Graf d'Natasha Zvereva a just 32 Minutte geklappt.