"Et war scho mäin Zil, fir en neie Rekord ze realiséieren", sou d'Vera Bertemes

© Fernand Schmitz (Archiv)
Um internationale Meeting zu Marseille huet d'Lëtzebuergesch Leeferin hiren eegene Rekord ëm ronn 24 Sekonne verbessert.
D'Vera Bertemes ass e Sonndeg um internationale Meeting zu Marseille eng nei Beschtzäit gelaf. An der Finall vun den 3.000 Meter koum si op eng Zäit vun 8:48.84 Minutten, woumat si hir al perséinlech Beschtzäit vu 9:12.27 Minutten ëm 23 Sekonne verbessert, an een neien nationale Rekord opgestallt huet.
"Dass et esou vill drënner ass, hätt ech mir net erdreemt.", sot Liichtathletin vum Celtic am RTL-Interview.
An der Final war d’Vera Bertemes awer an engem Tunnel an huet net wierklech iwwer Zäit nogeduecht, déi um Enn géif eraussprangen.
Et ass schonn exzeptionell, dass esou eng Zäit erausgesprongen ass, well Liichtathletin vum Celtic sech aktuell op Distanz vun den 1.500 Meter konzentréiert.
Mat hirer Leeschtung stoung fir d'Lëtzebuerger Leeferin um Enn déi drëtte Plaz hannert der Celestine Biwot (8:46.04) aus Kenya an der Ethiopierin Yenenesh Shimket (8:47.53).