Eng Partie Nationalspiller a -spillerinne sinn op der Sich no engem neie Veräin, anerer sti kuerz virun der Ënnerschrëft.

Zanter Mëtt Juni bis Ufank September sinn d'Transfer-Fënsteren an deene meeschten internationale Ligen op. En genauen Zäitraum, fir ze wiesselen, ass vu Land zu Land ënnerschiddlech. An Däitschland beispillsweis vum 1. Juli bis den 1. September, a Saudi-Arabien dogéint vum 3. Juli bis den 11. September.

Laang gouf driwwer spekuléiert. Elo ass et offiziell. Den Anthony Moris ass vum belsche Champion Union Saint-Gilloise bei Al-Khaleej FC a Saudi-Arabien gewiesselt. De 35 Joer alen Nationalgolkipp huet e Kontrakt bis 2027 beim Veräin aus dem arabesche Kinnekräich ënnerschriwwen.

Donieft hu sech och schonn dräi weider Nationalspiller fir een neien Challenge entscheet. De Vincent Thill ass vum aserbaidschanesche Coupe-Gewënner Sabah FK bei Zira FK gewiesselt a spillt deemno weiderhin an der éischter Liga am Aserbaidschan. Des Weideren huet de Seid Korac beim Ofsteiger Venedeg an der zweeter italieenescher Liga ënnerschriwwen. De Sofiane Ikene ass bei Rot-Weiß Erfurt an déi véiert däitsch Liga gewiesselt. De Fabio Lohei spillt an Zukunft fir Tréier, den Jayson Videira fir déi zweet Ekipp vu Mainz. De Brian Madjo huet dogéint rezent säin éischte Profi-Kontrakt zu Metz ënnerschriwwen.

Wou geet d'Rees hin?

Nieft Moris, Kovac, Thill a Co kéinten och nach weider Nationalspiller bei anere Clibb ënnerschreiwen. Transfermarkt.de no hunn Verschiddener aktuell kee Veräin méi. Dorënner de Marvin Martins an den Eric Veiga. De Marvin Martins ass réischt am Wanter dëst Joer bei Almere City an déi zweet hollännesch Liga gewiesselt a muss sech lo een neien Challenge sichen. Dat selwecht gëllt fir den Eric Veiga, dee vun 2023 bis dëse Summer fir AVS Futebol a Portugal gespillt huet.

Aktuell kee Veräin huet och den Olivier Thill. De Brudder vum Sébastien a Vincent Thill huet bis dëse Summer bei LNZ Cherkasy an der éischter ukrainescher Liga gespillt. RTL-Informatiounen no hält sech den 43-fachen Nationalspiller beim Progrès Nidderkuer fit an huet och schonn am zweeten Frëndschaftsmatch vum Progrès géint Mamer matgespillt. Et goufen an der Lescht ëmmer rëm Rumeuren, wéi wann hien nees bei sengem Jugendveräin kéint ënnerschreiwen.

Anescht gesäit et beim Lars Gerson aus. Den Defenseur, dee réischt am Wanter op Nidderkuer gewiesselt ass, huet sech en neien Challenge gesicht. Den 99-fachen Nationalspiller huet beim Opsteiger UN Käerjeng ënnerschriwwen a spillt deemno och déi nächst Saison an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball. Eng Méiglechkeet fir sech fir d'Nationalekipp unzebidden. Dem Lars Gerson säin Zil ass et, wéi hien eis am Podcast verroden huet, déi Mark vun 100. Selektiounen ze knacken.

Dat mécht sécherlech och de Gerson Rodrigues. Dem Rekordbuteur vun de Roude Léiwe säi Kontrakt bei Dynamo Kiew ass, nodeems hien bei AVS Futebol a Portugal ausgeléint war, ausgelaf. Wou d'Rees higeet ass nach net bekannt. Momentan hält sech de Stiermer privat fit.

En neie Veräin muss sech och den Michael Omosanya sichen. Säin Depart huet säi fréiere Club US Thionville schonn op de soziale Medien annoncéiert. E weidere Kandidat fir ee Wiessel kéint den Eldin Dzogovic sinn, deen déi lescht Saison virun allem bei der zweeter Ekipp vu Magdeburg an der fënnefter däitscher Liga zum Asaz koum. Net auszeschléissen ass och ënner Ëmstänn ee Wiessel vum Dirk Carlson. Dem Defenseur säi Kontrakt zu St. Pölten an der zweeter éisträichescher Liga leeft zwar nach Transfermarkt.de no bis 2026. Dem 64-fachen Nationalspiller ass de Schratt a méi eng kompetitiv Liga no gudde Prestatioun bei der FLF-Selektioun duerchaus zouzetrauen. An der Vergaangenheet huet den Dirk Carlson scho fir de Karlsruher SC an Erzgebierge Aue gespillt.

Och d'Rout Léiwinne maachen op sech opmierksam

Zanter 2 Méint ass kloer, datt d'Kapitänin Laura Miller no 5 Saisone beim Standard Léck vun elo u fir den Opsteiger Nürnberg an der éischter däitscher Damme Bundesliga spillt. Et ginn awer och eng Rëtsch aner Nationalspillerinnen, déi een neien Challenge uginn.

De Stater Racing ka sech ënner anerem iwwert de Retour vum Marta Estevez Garcia freeën, déi déi lescht Saison fir PAOK Thessaloniki a Griicheland gespillt huet. Donieft wiesselen och d'Caroline Jorge an d'Ana Barbosa vum Standard Léck an d'Andrea Machado vum Swift Hesper bei de Stater Fusiounsveräin.

D'Kimberley Dos Santos huet dogéint de Sprong an d'Ausland gewot. Déi 27 Joer jonk Verdeedegerin huet bei Saarbrécken an der zweeter däitscher Liga ënnerschriwwen. Genau sou wéi d'Lucie Schlimé. D'Lëtzebuerger Nummer 1 am Gol vun den Dammen wiesselt vu First Vienna an Éisträich bei den SC Sand.

D'Amy Thompson huet dogéint een neie Veräin hei am Land fonnt. D'Spillerin, déi bis ewell déi meeschte Goler bei de Roude Léiwinne geschoss huet, huet beim FC Déifferdeng 03 ënnerschriwwen. D'Stiermerin war déi lescht Saison fir de Swift Hesper aktiv.

Donieft ginn et och nach weider Kandidatinnen fir ee Wiessel. D'Zukunft vun ënner anerem dem Charlotte Schmit an dem Joy Jung ass nach onkloer.

RTL

© Alex Benavente