D'Urspréng vum Beachvolleyball
Ugefaangen huet et op den Insele vun Hawaii. Duerno goung et a Kalifornien a vun do aus huet et déi weltwäit Plagë mat Sportbegeeschterte gefëllt.
Volleyball - eng beléiften Ekippe-Sportaart an der Hal, wou een zu 6 géint 6 spillt, ma am Sand huet een nëmmen ee Partner u senger Säit. 1996 ass Beachvolleyball olympesch ginn a bis haut ass et eng vun de meescht gekuckte Sportaarte bei den Olympesche Spiller. Net ze vergiesse wéi d‘lescht Joer zu Paräis d‘Arena mam Sand direkt virum Eiffeltuerm säin Doheem fonnt hat. E Sport, deen och ëmmer nees vill Spectateuren unzitt - mä wéi steet et domadder hei am Land?
De Sport géif ëmmer méi u Beléiftheet fannen. Sief dat elo als Fräizäitsport, oder op kompetitivem Niveau. Ëmmer méi Duoe fanne sech zesummen a packen et dann och scho fir am Ausland op Turnéiere matzespillen. Sou wéi d‘Eline Delcourt an d‘Rebekka Klerf. Si hunn d‘lescht Joer den nationale Championstitel gewonnen a konnten dëst Joer an Andorra op de Spiller vun de klenge Länner d'Sëlwermedail gewannen. Si wéilte gären nach méi wäit no vir kommen, ma leider si si duerch d‘Infrastrukture gebremst. Et feelt un enger Hal fir am Wanter ze trainéieren, an da muss een nees zréck bei den Indoor-Volleyball, wou een zu 6 géint 6 spillt. Leider keng ideal Situatioun, mä zu Biissen soll elo awer eng Hal gebaut ginn, an an e puer Joer dann och stoen.
Kuckt hei Fotoe vum Queen & King of the Court-Beachvolleyball-Event vum 28. Juni 2023 zu Lëtzebuerg:
E weidert Evenement zitt awer och all Joer vill Amateure vum Beachvolleyball un. De Luxembourg Beach Open huet sech en Numm gemaach hei am Land. Zanter 30 Joer gëtt et dësen elo. Ugefaangen als Jux-Tournoi, wou een zu 4 géint 4 an ëmmer obligatoresch mat enger Fra an der Ekipp gespillt huet, gëtt et mëttlerweil och en Turnéier fir 2 géint 2 Ekippen, an d‘Halleffinallen an d‘Finalle vum nationale Championnat gi sonndes hei ausgedroen.
Bei de Spiller vun de klenge Länner war Lëtzebuerg och am Beachvolleyball vertrueden. Kuckt hei d'Fotoe vun deemools vun der 2:1-Victoire géint Island: