Champions League: 1/4-FinallenBayern wënnt Allersmatch zu Madrid, spéit Victoire fir Arsenal zu Lissabon

Jeff Birsens
Den FC Bayern huet sech mat 2:1 géint Real Madrid duerchgesat a geet mat engem klenge Virsprong an de Retourmatch den nächste Mëttwoch zu München.
Bayern Munich players celebrate their second goal scored by Bayern Munich's English forward #09 Harry Kane (L) during the UEFA Champions League quarter final first leg football match between Real Madrid CF and FC Bayern Munich at Santiago Bernabeu Stadium in Madrid on April 7, 2026.
D´Spiller vu Bayern freeë sech iwwert den 2:0 duerch den Harry Kane.
© AFP

En Dënschdeg den Owend war an der UEFA Champions League den Optakt vun de 1/4-Finallen. Zu Madrid huet sech den FC Bayern am Allersmatch mat 2:1 géint Real duerchgesat. No de Goler vum Luis Diaz an Harry Kane konnten déi Kinneklech nach duerch de Kylian Mbappé äntweren a waren duerno och net all ze wäit vum Ausgläich fort. Um Enn sollten d’Münchener hir Féierung awer iwwer d’Zäit bréngen.

An der zweeter Partie vum Owend gouf et dann zu Lissabon duerch e spéide Gol vum Kai Havertz an der 91. Minutt nach eng 1:0-Victoire fir den FC Arsenal géint de Sporting.

D’Retourmatcher ginn den nächste Mëttwoch gespillt.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Real Madrid - Bayern 1:2
0:1 Diaz (41'), 0:2 Kane (46'), 1:2 Mbappé (74')

All d'Goler vum Match Real Madrid géint Bayern München
Am Allersmatch hunn de Luis Diaz, den Harry Kane an de Kylian Mbappé getraff

Vun der éischter Minutt u war den FC Bayern immens present an huet sech séier éischt gutt Chancen op d’Féierung erausgespillt. Déi bescht Chance fir de Gaascht gouf et dann an der 9. Minutt, wou den Harry Kane de Ball mam Kapp op de Dayot Upamecano opgeluecht huet, deen aus fënnef Meter awer de Ball awer net am quasi fräie Gol ënnerbrénge konnt. Eng véierel Stonn huet et gedauert, bis dann och Real mol Zuch op de Gol vun de Münchener opbaue konnt, ënner anerem duerch de Kylian Mbappé an de Vinicius Jr. An engem Match op erwaart héijem Niveau, an deem et hin an hir gaangen ass, war et dann an der 41. Minutt de Luis Diaz, dee fir d’Féierung vun de Bayern suerge konnt. De Serge Gnabry hat hei d’Iwwersiicht fir de Kolumbianer behalen, deen an de Strofraum gelaf ass a fräi virum Lunin am Gol d’Nerve behalen huet, fir op 1:0 ze stellen.

An der zweeter Hallschent huet et dann nëmmen e puer Sekonne gedauert, bis de Münchener ee weidere Gol gelongen ass. No engem Ballverloscht vu Real hat de Michael Olise de Wee no vir gesicht an no engem Dribbling de Ball op de fräien Harry Kane ofgeluecht, deen aus ronn 20 Meter mat engem prezise flaache Schoss op 2:0 stelle konnt. Duerno huet Real no enger Äntwert gesicht. Ufanks nach mat e puer Probleemer, ma mat der Zäit ass den Drock op de Münchener Gol ëmmer méi grouss ginn. Fir d’éischt hat de Vinicius Jr d’Chance net genotzt a just d’Baussennetz getraff, wéi hien eleng virum Manuel Neuer stoung, an e puer Minutte méi spéit war et de Kylian Mbappé, deen de Ball aus spatzem Wénkel nëmme knapp laanscht de Gol geschoss huet.

An der 74. Minutt sollt dem Fransous dann awer de mëttlerweil verdéngten 1:2 geléngen, dat no enger flaacher Flank op den Mbappé um zweete Potto, dee vun do aus just nach de Fouss dohin hale misst. Elo war och den Estadio Bernabeu waakreg an huet nach eemol richteg Feier an d’Schlussphas bruecht. Déi Kinneklech wollten den Ausgläich an hunn et weider no vir probéiert. Den 2:2 louch liicht an der Loft, ma um Enn ass et bei der Victoire am Allersmatch fir den FC Bayern bliwwen.

Déi bescht Zeene vum Match Real Madrid géint Bayern München
No der 2:0-Féierung vun de Bayern huet Real Madrid nach eemol richteg Drock gemaach

Sporting - Arsenal 0:1
0:1 Havertz (90+1')

De Resumé vum Match Sporting géint Arsenal
Duerch e spéide Gol vum Kai Havertz huet Arsenal nach den Allersmatch zu Lissabon gewonnen.


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO