Däitschland wënnt Eelefmeter-Krimi géint Frankräich a steet an der 1/2-Finall

© FABRICE COFFRINI / AFP
E Samschdeg den Owend ass op der Futtball-EM vun den Dammen déi lescht Véierelsfinall gespillt ginn.
Däitschland huet am St. Jakob-Park zu Basel dee leschten Ticket fir d'Halleffinalle geléist. An enger ëmkämpfter Partie mat villen Ënnerbriechungen huet ee sech am Eelefmeterschéisse mat 6:5 géint Frankräich behaapt.
Däitschland, dat no engem onnéidege Foul vum Hendrich vun der 13. Minutt un nëmmen nach zu 10 um Terrain war, huet et fäerdeg bruecht, fir mat vill Leidenschaft an enger staarker Golkipperin Berger en 1:1 iwwer déi 90 Minutten an iwwer d'Verlängerung ze bréngen. Frankräich war an der 15. Minutt duerch d'Geyoro vum Punkt a Féierung gaangen. An der 25. Minutt hat d'Nüsken no engem Corner per Kapp op 1:1 gesat. Am decisiven Eelefmeterschéisse konnt sech Däitschland du mat 6:5 duerchsetzen.
Op däitscher Säit hat d'Däbritz een Eelefmeter verschoss. D'Berger konnt dogéint selwer een Eelefmeter verwandelen an d'Eelefmetere vu Majri a Sombath paréieren.
An den Halleffinalle kritt een et elo mat Spuenien ze dinn. Am zweete Match sti sech England an Italien géintiwwer.
Frankräich - Däitschland 6:7 n.E.
1:0 Geyoro (15'), 1:1 Nüsken (25'), 1:2 Minge, 1:3 Dallmann, 2:3 Karchaoui, 2:4 Knaak, 3:4 Malard, 4:4 Baltimore, 4:5 Berger, 5:5 Jean-Francois, 5:6 Bühl, 6:6 N'Dongala, 6:7 Nüsken
De Match hat fir déi däitsch Nationalekipp denkbar schlecht ugefaangen. Schonn no enger Véierelsstonn hat een eng Spillerin verluer a war a Réckstand geroden. Bei engem Fräistouss hat d'Hendrich der Franséisin Mbock am Strofraum komplett onnéideg un den Hoer gezunn an hat dofir déi rout Kaart gesinn. Den Eelefmeter huet d'Geyoro verwandelt an domadder stoung et 1:0 fir Frankräich.
Trotz Ënnerzuel huet Däitschland net laang fir eng Äntwert gebraucht. An der 25. Minutt huet d'Bühl e Corner an de Strofraum geflankt an do stoung d'Nüsken goldrichteg a konnt mam Kapp an de laangen Eck verwandelen. Dat war den 1:1 fir Däitschland.
Duerch d'Iwwerzuel waren d'Franséisinne an der éischter Hallschent zwar spillbestëmmend, ma si waren net zwéngend genuch. Däitschland huet mat zwou Véiererkette konzentréiert géint de Ball geschafft a konnt d'Franséisinne vum Gol ewechhalen. An der 40. Minutt gouf et nach eng geféierlech Aktioun. No enger flotter Kombinatioun iwwer Karchaoui, Cascarino, Katoto a Geyoro hat d'Katoto de Ball an de Gol gesat, ma si stoung beim Pass vum Geyoro am Abseits. Mam 1:1 ass et an d'Paus gaangen.

© FABRICE COFFRINI / AFP
An engem hëtzege Match mat villen Ënnerbriechunge sinn d'Franséisinnen an der zweeter Hallschent méi geféierlech ginn. No engem ofgewierte Fräistouss haten d'Franséisinnen an der 56. Minutt séier ëmgeschalt an e Konter iwwer d'Cascarino gestart. D'Spillerin war iwwer lénks an d'Mëtt gezunn an hat Senß a Bühl stoe gelooss, ma hire Schoss konnt vun der däitscher Golkipperin Berger laanscht de Potto an den Aus deviéiert ginn. De Corner haten d'Franséisinnen dunn awer bal genotzt, fir den 2:1 ze schéissen. Nodeems Däitschland de Ball am Strofraum net gekläert krut, hat d'Gyoro dat ronnt Lieder an de Filet gesat, ma och dëse Gol huet wéinst Abseits net gezielt.
An der 68. Minutt hat Däitschland d'Chance, fir an Ënnerzuel a Féierung ze goen. No engem Foul vum Bacha um Brand huet d'Arbittesch op de Punkt gewisen. D'Nüsken huet sech der Saach ugeholl, ma hire Schoss gouf vum Peyraud-Magnin am franséische Gol paréiert.
Trotz dësem weidere Réckschlag huet Däitschland sech zu 10 de Franséisinne kompakt entgéintgestallt, huet mat vill Leidenschaft verteidegt a mam Berger am Gol ass et hinne gelongen, fir den 1:1 ze halen a sech an d'Verlängerung ze bréngen.
Däitschland huet och am éischten Duerchgang vun der Verlängerung leidenschaftlech agéiert an huet et de Franséisinnen an Ënnerzuel weider schwéier gemaach. Ma eng Kéier den 2:1 fir Frankräich an der Loft, wéi d'Minge eng Flank vum Karchaouis op den eegene Gol ofgefälscht hat. Op en Neits konnt d'Berger de Gol verhënneren.
Och an der zweeter Hallschent vun der Verlängerung sollt kee Gol méi falen. An der Nospillzäit hat d'Malard et nach aus 30 Meter probéiert, ma war un der Lat gescheitert.
Am decisiven Eelefmeterschéissen huet d'Berger duerch zwee gehalen Eelefmeteren Däitschland duerch e 6:5 an d'Halleffinall bruecht.
Den Iwwerbléck vun den Halleffinallen
Dënschdeg, 21 Auer: England - Italien
Mëttwoch, 21 Auer: Däitschland - Spuenien
D'Finall gëtt den nächste Sonndeg um 18 Auer am St.-Jakob-Park zu Basel gespillt.