Dat huet de kataresche Premierminister Mohammed bin Abdulrahman Al-Thani en Dënschdeg annoncéiert.

De Katar huet hir offiziell Kandidatur fir déi olympesch Summerspiller 2036 zu Doha beim Internationalen Olympesche Comité (IOC) eragereecht. 2022 war de Golfstaat Organisateur vun der FIFA-Weltmeeschterschaft a wier deemno dat éischt Land am Noen Osten, dat déi olympesch Summerspiller géing organiséieren.

De kataresche Premierminister Mohammed bin Abdulrahman Al-Thani huet géintiwwer hirer staatlecher Noriichtenagence betount, datt de Katar eng noweislech gutt Bilanz hätt, wat d'Organiséiere vu grousse Sportsevenementer ugeet an datt ee 95 Prozent vun de gefuerderten Infrastrukture géing besetzen, fir déi olympesch Summerspiller ze organiséieren.

Déi nei IOC-Presidentin Kirsty Coventry hat Enn Juni annoncéiert, datt d'Prozedur, fir als Organisateur ausgewielt ze ginn, an Zukunft iwwerschafft soll ginn. Dem Internationalen Olympesche Comité no wier d'Unzuel vu Kandidature well zweestelleg. Ënner anerem Indien an och Däitschland sollen interesséiert sinn. De Katar steet an der Kritik vu Mënscherechtsorganisatioune wéinst den Aarbechtsbedingungen an de Mënscherechter, déi net respektéiert ginn.

Déi nächst olympesch Summerspiller sinn zu Los Angeles an Amerika. 2032 geet et dann zu Brisbane an Australien ëm olympesch Medailen.