No Verlängerung-Krimi: England steet als éischte Finalist fest

© AFP
En Dënschdeg den Owend stoung bei der Futtball-EM vun den Damme mat der Partie England géint Italien déi éischt Halleffinall um Programm.
Zu Genf huet sech England an engem dramateschem Match mat enger 2:1-Victoire no Verlängerung als éischt Ekipp fir d'Finall vun der Damme Futtball-EM an der Schwäiz qualifizéiert.
Laang huet et no enger Victoire fir Italien ausgesinn, éier England an der Nospillzäit vun der regulärer Spillzäit den 1:1-Ausgläich markéiere konnt. An der 119. Minutt vun der Verlängerung huet d'Chloe Kelly den Titelverdeedeger England an d'Finall geschoss.
E Mëttwoch den Owend gëtt beim Match Däitschland géint Spuenien den zweete Finalist nieft England gesicht. D'Finall gëtt e Sonndeg um 18 Auer am St. Jakob-Park zu Basel ugepaff.
Resumé vum Match
An der 1. Hallschent haten d'Englännerinnen Alles an Allem méi vum Spill, mee wéi schonn an der Véierelsfinall géint Schweden, huet et den aktuellen Europameeschterinne virum Gol un der néideger Effizienz gefeelt. D'Lauren James an d'Alessia Russo konnten an der Ufanksphase hier gutt Chancen net notzen.
An der 33. Minutt sinn d'Italieenerinne mat hirer éischter décker Chance mat engem stramme Schoss aus dem Siechzéngter dunn duerch d'Barbara Bonansea a Féierung gaangen. Virausgaange war eng super Viraarbecht vum Sophia Cantore, dat all Gol an der KO-Phase vun den Italieenerinne virbereede konnt. Mam 1:0 fir Italien sollt et an d'Paus goen.
Um Ufank vun der 2. Hallschent ass et hin an hier gaangen. England huet den Tempo bei undauernder Spilldauer a 0:1 Réckstand weider spierbar erhéicht a konnt sech och eng sëlleg Chancen eraus spillen. Et war e Match op ee Gol. An der Schlussphase, a mat der Awiesslung vum Chloe Kelly, hunn d'Englännerinnen nach emol alles versicht. De Schock fir Italien koum an der 6 Minutt vun der Nospillzäit. Wéi scho géint Schweden ass et d'Michelle Agyemand dat fir England ausgläicht. Domat ass de Match an d'Verlängerung gaangen.
England wollt d'Entscheedung an der Verlängerung sichen an huet de Wee weider no vir gesicht. 4 Minutte viru Schluss huet d'Michelle Agyemand awer just d'Lat getraff. Kuerz dorop krut England an der 117 Minutt een Eelefmeter zougesprach. Den Eelefmeter vum Chloe Kelly sollt wuel paréiert ginn, de Noschoss vum Kelly awer am Filet landen. Dëst war och den entscheedende Gol, um 2:1 fir England sollt sech näischt mei änneren.
England steet no enger kämpferescher Leeschtung an der Finall vun der Futtball-EM a trefft do op de Gewënner vum Duell Däitschland géint Spuenien.
Och zu Lëtzebuerg ass d'Partie suivéiert ginn, sou zum Beispill beim Public Viewing um Stater Glacis. Kuckt hei d'Fotoen: