Um Donneschdeg huet d'FLBB den éischten Tour vun der Coupe fir d'Saison 2025/26 ausgeloust.

Hären 

An der Coupe Loterie Nationale stinn am September d'1/16-Finallen um Programm. Déi sechs stäerkst Ekippe vun der Saison 2024/25 sinn am éischten Tour spillfräi. De Champion Ettelbréck, Steesel, Diddeleng, Esch, d'Fiels a Conter stinn direkt an der Aachtelsfinall. Domat sinn nëmme véier Ekippen aus der Enovos League an dësem Tour aktiv. D'Sparta Bartreng geet als klore Favorit op Hesper bei de Veräin aus der Nationale 3. Donieft spillt Walfer auswäerts géint Bascharage.

Dammen 

Bei den Damme start d'Coupe-Competitioun direkt mat der Aachtelsfinall am Oktober, just 15 Ekippe sinn am ganze fir de Lalux Ladies Cup ugemellt. Hei sollt d'Lous entscheeden, dass jeeweils an de siwe Matcher eng Ekipp aus der Enovos League géint e Veräin aus der Nationale 2 spillt. Den Duell tëschent dem Champion Gréngewald Hueschtert an dem T71 Diddeleng ass just op den éischte Bléck e Spëtzematch, wéinst dem fräiwëllegen Ofstig vum Champion Hueschtert ass den T71 de klore Favorit.

Coupe Loterie Nationale am Iwwerbléck (1/16-Finallen) 

Virronn: Diekirch - Wolz 
Dëse Match gëtt de 17. September gespillt 

Diekirch oder Wolz (+10) - AS Zolwer 
North Fox Clierf (+10) - Mambra Mamer 
Telstar Hesper (+20) - Sparta Bartreng 
Hedgehogs Bascharage (+10) - Résidence Walfer 
East Side Pirates (+20) - Racing Lëtzebuerg 
Black Star Miersch - Black Frogs Schieren 
Préizerdall (+20) - Musel Pikes
Avanti Munneref - BC Mess 
US Hiefenech - Nitia Beetebuerg 
Gréngewald Hueschtert - Kordall Steelers 
Des Matcher ginn de 24. a 25. September gespillt. 

Lalux Ladies Cup am Iwwerbléck (1/8-Finallen)

Spillfräi: East Side Pirates 

Black Frogs Schieren (+10) - AB Conter 
Black Star Miersch (10) - Sparta Bartreng 
Etzella Ettelbréck (+10) - Wolz 
Telstar Hesper (+10) - Musel Pikes 
Gréngewald Hueschtert (+10) - T71 Diddeleng 
Racing Lëtzebuerg (+10) - Basket Esch 
AS Zolwer (+10) - Amicale Steesel
Des Matcher ginn de 15. a 16. Oktober gespillt.