England verdeedegt EM-Titel

© AFP
D'Decisioun ass eréischt am Eelefmeterschéisse gefall, well et no 120 Minutten 1:1 gestanen hat. England verdeedegt domat den Titel aus dem Joer 2022.
De Match gouf gréisstendeels vu Spuenien dominéiert, mee et war den englesche Wëllen, de Match ze dréinen, deen de Lionesses den Titel abruecht huet. Spuenien war fréi a Féierung gaangen, mee England konnt an der zweeter Hallschent ausgläichen. Well et no 120 Minutten nach ëmmer 1:1 stoung, huet d'Eelefmeterschéisse mussen decidéieren. Well d'Spuenierinnen Nerve gewisen hunn, gouf d'englesch Golkippesch zur Heldin. Um Enn huet England d'Eelefmeterschéissen 3:1 fir sech entscheet.
Resumé vun der Partie
England war an den éischte Minutten déi kloer dominéierend Ekipp, mee duerno huet Spuenien den Tempo uginn. Et huet awer bis an d'25. Minutt gedauert, bis d'Ibererinnen duerch d'Mariona doraus Kapital geschloen hunn. An der Paus hat et geschéngt, wéi wa Spuenien just nach 45 Minutte vum éischten Europameeschtertitel ewech war, well si och nom Gol hir Dominanz ausgestraalt hunn. Mee et sollt anescht kommen.
D'Lionesses konnten an der 57. Minutt duerch d'Alessia Russo ausgläichen an hunn an den nächste Minutten den Toun uginn. Géint Enn vun der Partie hate béid Ekippen nach e puer Chancen op den 2:1, mee et sollt an d'Verlängerung goen. Well och do keng Goler gefall sinn, och wa Spuenien drop gedrängt huet, goung et an d'Eelefmeterschéissen.
Do hat Spuenien nees de besseren Ufank, mee duerno hu si dräi Bäll hannertenee verschoss a sou konnt England aus engem 0:1 en 3:1 maachen. Et ass den zweeten Titel hannertenee fir England ënner der Trainerin Sarina Wiegmann. Fir d'Hollännerin ass et souguer den drëtten Titel hannerteneen; si hat virdru mat Holland d'europäesch Kroun geholl.