Laura Correia a Raphael Calzi nei Landesmeeschteren

© FLT
Vum 18. bis de 27. Juli goufen am CNT zu Esch-Uelzecht d'Landesmeeschterschaften am Outdoor-Tennis ausgedroen.
D'Laura Correia an de Raphael Calzi hu sech bei den nationalen Outdoor-Meeschterschaften am Tennis am CNT zu Esch d'Titele geséchert.
Bei den Dammen huet sech d'Laura Correia an der Finall mat 6:2 a 6:1 géint d'Claude Nosbusch duerchgesat, bei den Hären huet de Raphael Calzi d'Finall mat 6:2 a 6:0 géint de Robi Tholl gewonnen.
De Robi Tholl hat sech e Samschdeg an der Halleffinall knapp 7:5 a 7:5 géint de Gilles Kremer duerchgesat. Beim Raphael Calzi war et eng méi kloer Ugeleeënheet: Hie konnt sech 6:1 a 6:4 géint de Christophe Tholl behaapten.
Bei den Damme waren et zwou enk Halleffinallen. D'Laura Correia hat beim 7:5, 7:6 géint Else Vander Stichele schwéier ze kämpfen. D'Claude Nosbusch war géint d'Zoé-Cheyenne Heins iwwer dräi Sätz gefuerdert, huet sech um Enn awer mat 3:6, 7:6 a 6:2 duerchgesat.