Déi 31 Joer al Athletin ass dout. Dat huet hiert Management zwee Deeg nom Ongléck der DPA géigeniwwer confirméiert. Weider Detailer feelen den Ament nach.

"Op Grondlag vun den Erkenntnisser aus dem Helikopter-Fluch an den Aussoe vun der Seelpartnerin zu der Envergure vun de Blessuren ass dovun auszegoen, datt d'Laura Dahlmeier direkt dout war", heescht et vum Management.

D'Läich kéint den Ament net gebuerge ginn - d'Konditioune wieren ze geféierlech fir Biergung duerch Mënschen oder den Helikopter. Et wier ausserdeem der Laura Dahlmeier hiren ausdrécklechen a schrëftlech festgehalene Wëllen, datt kee säi Liewen dierft riskéieren, fir si an esou engem Fall ze biergen, esou d'Management vun der Olympionickin. "Hire Wonsch wat et, hir Läich an dësem Fall um Bierg ze loossen."

E Méindeg den Owend war d'Laura Dahlmeier beim Klammen op 5.700 Meter Héicht am Laila Peak a Pakistan verongléckt, wéi si vu Steng getraff gouf, déi erofgefall koumen. D'Seelpartnerin hat direkt duerno een Noutruff ofginn, ma well d'Gebitt schwéier ze erreeche war, konnt réischt den Dag drop een Helikopter op d'Plaz vum Ongléck kommen. Wéi ee Spriecher vun der Tourismusagence am Pakistan matgedeelt huet, konnt en Dënschdeg kee Liewenszeeche vun hir fonnt ginn an d'Sich gouf en Dënschdeg den Owend wéinst dem Abrieche vun der Däischtert ofgebrach.

Wärend hir Seelpartnerin aktuell mat anere Biergsteiger um Wee fir erof soll sinn, ass d'Sich no der Laura Dahlmeier an de fréie Moiesstonnen e Mëttwoch weidergaangen. Wéinst de schlechte Wiederkonditioune war e Mëttwoch fir d'éischt awer nach keen Helikopter involvéiert. Zwee Teams mat véier Alpinisten an zwee Biergretter waren awer ënnerwee, fir déi 31 Joer al Fra ze retten.

D'Laura Dahlmeier huet siwe Gold-, dräi Sëlwer- a fënnef Bronzmedailen op Biathlon-Weltmeeschterschafte gewonnen. Donieft huet déi 31 Joer al Däitsch 20 Courssen am Weltcup an de General vum Weltcup 2016/17 fir sech konnten entscheeden. Op den Olympesche Wanterspiller zu Pyeong Chang a Südkorea am Joer 2018 huet si Gold an der Sprint- an der Poursuite-Course, wéi och Bronze am Eenzel gewonnen.