Rémi Fabiani kann iwwer 50m-Crawl seng eege Beschtzäit net verbesseren

© François-Xavier MARIT / AFP
Op der Schwamm-WM zu Singapur ass de Rémi Fabiani e Freideg de Moien iwwert d'50-Meter-Crawl de 40. ginn, ënner 116 Schwëmmer.
Den 23 Joer ale Lëtzebuerger huet an enger Zäit vun 22 Sekonnen an 42 Honnertstel ugeschloen. Fir eng Plaz an der Halleffinall hu ronn 6 Zéngtel gefeelt. Seng perséinlech Beschtzäit läit aktuell bei 22.09 Sekonnen.
Iwwert d’100-Meter-Papillon ass de Julien Henx no 55 Sekonnen an 57 Honnertstel de 55. gi vu 75 Seng perséinlech Beschtzäit läit aktuell bei 54 Sekonnen an 29 Honnertstel.
E Samschdeg ass iwwer 50m Réck de Rémi Fabiani nees am Asaz.
E Sonndeg dann ass de leschten Optrëtt vun de Lëtzebuerger Schwëmmer, dat iwwer 4x100m Crawl. Hei sinn dann de Joao Carneiro, de Ralph Daleiden Ciuferri, de Rémi Fabiani an de Julien Henx gefuerdert.