De Jorge Costa ass am Alter vun nëmmen 53 Joer gestuerwen

De Jorge Costa 2003 als aktive Spiller am Zweekampf mam Didier Drogba / © AFP/Archives/PATRICK VALASSERIS
De fréiere portugiseschen Nationalspiller a Kapitän vum FC Porto Jorge Costa ass am Alter vun 53 Joer gestuerwen.
Wéi den FC Porto matgedeelt huet, hätt de Costa en Dënschdegmoien um Trainingsterrain vum Veräin en Häerzinfarkt erlidden. Hie wier direkt an d'Spidol transportéiert ginn, wou hien awer kuerz drop verstuerwen ass.
De fréieren Defenseur war dës Lescht Sportdirekter vum FC Porto.
A senger aktiver Zäit ass de Jorge Costa mam FC Porto aacht Mol portugisesche Champion ginn an huet 2004 ënnert dem Trainer José Mourinho d'Champions League gewonnen. Fir d'portugisesch Nationalekipp stoung hie 50 Mol um Terrain.