Mixte-Open-Ekipp qualifizéiert sech in Extremis fir Halleffinall

© IFL
E laangen Dag stoung fir Lëtzebuerger um Programm. Ugefaange mat Däitschland an Estland.
Hei konnten d'Lëtzebuerger zwar gudden Indiaca weisen, et huet awer ze dacks un der néideger Prezisioun gefeelt. Béid Matcher gounge mat 0-2 verluer.
Däitschland - Lëtzebuerg 2 - 0 (25 - 18; 25 - 21)
Lëtzebuerg - Estland 0 - 2 (16 - 25; 27 - 29)
Géint d'Schwäiz, déi bis dohinner och nach kee Match gewanne konnte, wollte Bertemes a Co. déi éischt Victoire feieren. D'Lëtzebuerger haten awer kee gudden Depart an de Match erwëscht. En tëschenzäitlechen Ecart vun 3 Punkte konnten d'Lëtzebuerger bei 14:14 nees gutt maachen éier d'Schwäizer nees de Lëtzebuerger hire Gréisstennodeel am Block ausnotze konnten an nees eng Kéier 3 Punkten Avantage erspillen. De roude Léif huet awer net opginn, konnt déi éischt 2 Sazbäll guttmaachen a bei 23-24 nees uschléissen. Den Effort sollt awer net belount ginn an d'Schwäizer wannen den éischte Saz mat 25-23.
Am zweete Saz waren d'Lëtzebuerger bis zum Spillstand vu 7-8 nach gutt mat dobäi. Dunn hunn d'Schwäizer en éischt Lach gemaach an d'Indiaca Selektioun zum éischten Temps-Mort gezwongen (7-11). Duerno ass den Ecart ëmmer méi grouss ginn an och déi puer Wiessel op Lëtzebuerger Säit hunn net déi erwënschte Verännerunge bruecht. Nom 18-25 war d'Enttäuschung natierlech grouss an et huet ee sech nach emol missen zesummerafe fir am leschte Qualifikatiounsmatch géint eis belsch Noperen d'Käschten aus dem Feier ze huelen a sech awer nach fir d'Halleffinall ze qualifizéieren. An dësem decisive Match hu sech d'Lëtzebuerger d'Liewe selwer schwéier gemaach. En éischte Saz war scho quasi gewonnen wéi, d'Belsch d'Rudder nach emol ëmgerappt a 27-25 gewanne konnten. Eng besser Ufanksphas am zweete Saz huet de Grondstee geluecht fir datt d'IFL-Selektioun hei mat 25-19 d'Iwwerhand behale konnten. Et sollt also nach e Saz ginn. An och hei konnten d'Lëtzebuerger e kille Kapp behalen a mam selwechte Resultat déi esou wichteg éischt Victoire feieren.
De Lëtzebuerger Kader Hären Open:
Dean Ney, Felix Mailänder, Pol Faber, Tim Kraemer, Yann Bertemes, Sebastien Schmitz, Jil Schmitz, Eve Albers, Cheyenne Wagner,Nathalie Gerson
An der Kategorie Senior Dammen (Ü40) dréinen d'Lëtzebuergerinnen de Match géint d'Schwäiz
Nodeems d'Lëtzebuergerinnen an hirem Optaktmatch géint Estland näischt ze mellen haten (17-25, 21-25) hu si schonn am zweete Match géint Däitschland gewisen, datt mat hinnen ze rechne wier. No verluerenem éischte Saz (16-25) hu si de Respekt ofgeluecht an hirersäits mat 25-18 de Saz kloer gewonnen. Am drëtte Saz hunn dunn d'Alternative gefeelt, fir den Däitschen nach geféierlech ze ginn. 14-25 war d' Konsequenz. Och an hirem drëtte Match hunn Elisabeth Puraye a Co. e bëssen Ulafzäit gebraucht, fir an de Match ze fannen. Géint d'Schwäiz hun si den éischte Saz mat 16-25 hänke gelooss fir an der Suite dunn hiert ganzt Potenzial ze entfalen. Ëmmer erëm konnte Claudine Maller a Romy Bertemes mat hiren Attacken um Netz Punkte fir d'Rout Léiwinne sammelen. Am zweete Saz hate si beim Stand vu 24-14 esouguer 10 Sazbäll vun deene si awer eréischt de fënneften notze konnten. Nach besser hu si et am drëtte Saz gemaach, wou si direkt den éischte vun 10 Matchbäll zur 2-1 Victoire notze konnten.
Domat war scho virum leschte Qualifikatiounsmatch géint Japan kloer, datt ee sech fir d'Halleffinall qualifizéiert hätt. Géint Japan konnte si dee Kraaftakt awer net méi widderhuelen a verléiere mat 0-2. (20-25, 15-25)
De Lëtzebuerger Kader Dammen Senior (Ü 40)
Elisabeth Puraye, Tania Theis-Hubert, Conny Brücher, Nathalie Nipperts-Bill, Sandy Felten, Claudine Maller, Romy Bertemes
Och d'Senior Hären (Ü40) vertrieden de Lëtzebuerger Fändel an den Halleffinallen
Och fréizäiteg konnte sech d'Ü40-Hären iwwer d'Qualifikatioun freeën. Si konnten direkt hiren Optaktmatch géint d'Schwäiz mat 2-0 gewannen. Géint Japan hu si sech no laangem Kampf misse mat 1-2 geschloe ginn.
Schwäiz 0 – 2 Lëtzebuerg (21:25; 15:25) Lëtzebuerg 1 – 2 Japan (20:25; 25:20; 26:28)
Géint d'Ekipp aus Estland konnten Ewers a Co. direkt den éischte Saz mat engem ganz klore 25-16 gewannen. Nodeems si den zweete Saz ganz knapps mat 24-26 hu missen ofginn, hu si am drëtte Saz mat engem 25-21 fir d'Decisioun gesuergt. An hirem leschte Match géint Däitschland hat dunn d'Kraaft nogelooss. Um Enn ginn 2 Defaiten an 2 Victoiren duer, fir sech fir d'Halleffinall e Freideg ze qualifizéieren.
De Lëtzebuerger Kader Senior Mixte
David Pereira, Paul Assel, Pascal Feltes, Ben Ewers, Rouven Watgen, Claude Trierweiler, Andy Derneden, Tom Schaack, Mike Derneden
Um Freideg stinn d'Halleffinallen a Matcher fir déi 3. Plaz an alle Kategorien um Programm.