Wolz verléiert géint Luxembourg City, Bieles a Miersch spille Gläich
E Sonndeg war et d'Suite vum 1. Spilldag an der Éierepromotioun.
Ënnert anerem haten déi dräi Ofsteiger aus der BGL Ligue, Beetebuerg, Wolz a Monnerech hiren 1. Optrëtt.. An hei waren et virun allen d'Spiller vu Wolz déi denkbar schlecht an d'Saison gestart sinn. Fir den Optakt verléiert ee mat 0:1 géint Luxembourg City.
Een anert Gesiicht hunn Beetebuerg a Monnerech gewisen. Déi Beetebuerger hu sech däitlech mat 5:1 géint Walfer duerchgesat iwwerdeems Monnerech deene Luerenzweiler beim 3:0 keng Chance gelooss hunn. D'Goler sinn hei alleguerten an der zweeter Hallschent gefall. Duerch dësen Erfolleg ass Beetebuerg dann och Leader an der Tabell, viru Berbuerg a Monnerech.
Eng sëlleg Goler sinn och tëscht Berbuerg a Steesel gefall. D'Lokalekipp louch schonn relativ frei no 26. Minutte mat 3:0 a Féierung. Virun der Paus konnt de Boulbrachene awer nach fir Steesel verkierzen. No 90 Minutte sollt et dunn awer eng däitlech 5:2-Victoire fir Berbuerg ginn.
Rëmeleng setzt sech iwwerdeems mat 3:1 géint Wuermer Koeppchen duerch an tëscht Bieles a Miersch gëtt et kee Gewënner, 2:2 heescht et hei no 90 Minutten.
Samschdeg
Am Derby tëscht der US Feelen an der Etzella Ettelbréck ginn d'Haushäre mat 2:1 als Gewënner vum Terrain a krope sech déi éischt Punkten an der neier Saison.
Den éischte Gol war an der 6. Minutt no engem Corner gefall. De Bernardelli stoung no engem Schossversuch aus der Distanz richteg an huet aus 4 Meter eragesat. Laang Zäit sollten d'Spectateure bis op e puer Golchancë fir béid Ekippen net vill ze gesi kréien. Virum Pëff fir an d'Kabinne krut Ettelbréck awer nach en Eelefmeter zougeschwat, deen den Herr verwandelt huet. D'Etzella war zu deem Moment just nach zu Zéng um Terrain, well de Moreira Giel-Rout gewise kritt hat.
No enger flotter Kombinatioun vu One-Touch-Futtball konnt de Rammo fir Feelen an der 55. Minutt den decisive Gol markéieren. D'Lokalekipp hätt an der 90. Minutt de Sak definitiv zoumaache kënnen, mee trotz véier Chancen aus kuerzer Distanz wollt de Ball net eran. Wéi 5 Minutten nogespillt waren, krut Ettelbréck nach en Eelefmeter zougesprach, mee de Ball goung un d'Lat. Kuerz drop huet den Arbitter och ofgepaff.
Um Escher Gaalgebierg duerft sech d'Lokalekipp Fola iwwer eng 2:0-Victoire géint den Noper FC Schëffleng freeën. Fir d'Fola ass et eng nei Situatioun: No dräi Joer laangem permanenten Ofstigskampf an der BGL Ligue muss d'Doyenne sech mat der Roll als Favorit zurechtfannen. Dësen Duell gouf et virun 2 Joer nach an der BGL Ligue, wéi den FC Schëffleng fir eng Saison an der héchster Divisioun gespillt hat. Schëffleng konnt sech d'lescht Saison am Barragëmatch géint Menster retten.
D'Lokalekipp war ab der 24. Minutt just nach zu Zéng um Terrain, well de Balance wéinst enger geféierlecher Aktioun géint säi Géigespiller vum Arbitter direkt Rout gewise krut. Dovun hunn d'Escher sech awer net ënnerkréie gelooss a konnten déi eng oder aner gutt Golchance erausspillen. Mee och Schëffleng huet sech net verstoppt, koum awer zwee Mol net laanscht den Escher Golkipp.
Nom 0:0 an der Paus konnt d'Fola hir éischt Golchance direkt notzen. Schëffleng hat de Ball am Spillopbau verluer a war hannen net koordinéiert. De Lionel Amou konnt d'Spillgeschier am Netz ënnerbréngen - de Conti am Schëfflenger Gol huet dobäi net gutt ausgesinn. Uschléissend hunn d'Gäscht op den Ausgläich gedréckt, mee och d'Fola hat nach e puer Chancen. Eng dovu konnt de Freitas Silva an der 83. Minutt notzen. Domat war den Deckel drop.
Dir kënnt d'Matcher aus der Éierepromotioun och dës Saison an der RTL Live Arena suivéieren.