Chris Rodesch spillt an der Qualifikatioun géint de Coleman Wong

© AFP (Archiv)
D'Qualifikatioun fir d'US Open fänkt e Méindeg un.
De Chris Rodesch kritt et an der Qualifikatioun beim 4. Grand-Slam-Tournoi vum Joer mam Coleman Wong aus Hongkong ze dinn. De Lëtzebuerger, aktuell Nummer 159 an der Weltranglëscht, ass 18 Plaze besser am ATP Ranking klasséiert wéi de Wong.
Beim leschte Grand Slam zu Wimbledon huet de Chris Rodesch de Sprong iwwert d'Qualifikatioun an den Haapttableau gepackt gehat.
De Match géint de Wong ass fir e Méindeg um 17 Auer ugesat, dat um Terrain Nummer 9.
De 24. August ginn déi éischt Matcher am Haapttableau gespillt, éier de 6. September d'Finall bei den Dammen an de 7. September d'Finall bei den Häre gespillt gëtt.