Am Tennis wënnt d'Polin Iga Swiatek an der Finall vun de Cincinnati Open géint d’Italienerin Jasmine Paolini.

D'Wimbledon-Gewënnerin setzt sech um Enn mat 7:5 a 6:4 duerch a kann hiren 11. Titel bei engem WTA-1000-Event an de 24. Titel insgesamt feieren.

Déi aktuell Nummer dräi an der Weltranglëscht réckelt domadder op Plaz zwee no vir, virun d'Coco Gauff. Plaz eent ass weiderhi fir d'Aryna Sabalenka, déi zu Cincinnati an der Véierelsfinall eliminéiert gouf.

Sinner huet mussen opginn

Bei de Männer war et de Carlos Alcaraz, dee sech géint de Jannik Sinner konnt an der Finall duerchsetzen, dat allerdéngs ouni dass wierklech e Match zustane komm ass. No just 23 Minutten huet de Sinner opginn, dat beim Stand vun 0:5.

Schonn den Dag virdrun huet d'Nummer 1 op der Welt sech net gutt gespuert, huet awer gehofft, dass et iwwer Nuecht besser gëtt. Dat ass awer net geschitt. De Sinner huet mat Tréinen an den Aen erkläert, dass et einfach net geet. En huet sech beim Publikum entschëllegt. Hie wëll sech elo erhuelen, fir fir d'US Open nees fit ze sinn.

Den Alcaraz kann duerch dës Victoire zu Cincinnati säi Réckstand an der Weltranglëscht op de Sinner verkierzen.

RTL