Per Schreiwes huet d'FLF en Dënschdeg de Mëtteg matgedeelt, datt de Jeff Strasser neien Nationaltrainer gëtt.

De 50 Joer alen Trainer ënnerschreift ee Kontrakt bis den 31. Dezember 2026. De Jeff Strasser huet 98 Matcher fir d'Rout Léiwe gespillt. Seng lescht Statioun als Trainer war beim Progrès Nidderkuer. 2024 huet hie mat deene Giel-Schwaarzen d'Coupe de Luxembourg gewonnen. Zanter Ufank des Jores war hien ouni Veräin.
 
Fir e Mëttwoch de Moien ëm 11 Auer huet déi Lëtzebuerger Futtball Federatioun eng Pressekonferenz annoncéiert. Déi kënnt Dir live bei eis am Livestream suivéieren.

A ronn zwou Woche fänkt fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2026 a Kanada, Mexiko an den USA un. Zum Optakt kritt et d'FLF-Selektioun de 4. September am Stade de Luxembourg mat Nordirland ze dinn. Komplettéiert gëtt de Lëtzebuerger Grupp A vun Däitschland an der Slowakei.

Fréiere Rekord-Nationalspiller mat Erfarung am Ausland

Vun 1993 bis 2010 war de Jeff Strasser ee feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Nationalekipp. 98 Mol stoung de fréieren Defenseur fir d'Rout Léiwen um Terrain. Am Ganze konnt hie 7 Goler markéieren. Déi éischte Kéier war de 50 Joer ale Strasser bei der 1:3-Defaite den 12. Oktober 1993 am Stade Josy Barthel géint Griicheland fir d'FLF-Selektioun am Asaz. Säi leschten Optrëtt am Dress vun der Nationalekipp war bei der 0:2-Néierlag den 12. Oktober 2010 zu Metz géint Frankräich. Vun 2009 bis 2019 war de Jeff Strasser mat sengen 98 Selektioune Rekord-Nationalspiller, gouf awer spéiderhi vum Mario Mutsch an dem Laurent Jans ofgeléist.

Bannent senger 19 Joer laanger Karriär huet de Jeff Strasser ënner anerem fir den FC Metz a Racing Stroossbuerg a Frankräich, wéi donieft och fir den 1. FC Kaiserslautern a Borussia Mönchengladbach an Däitschland gespillt. No senger leschter Statioun am Ausland bei de Grasshoppers Zürich an der Schwäiz, ass de fréieren Defenseur 2010 bei déi Escher Fola gewiesselt. Zesumme mam Cyril Serredszum hat den 98-fachen Nationalspiller d'Doyenne aus dem Lëtzebuerger Futtball trainéiert.

Vun 2012 bis 2017 stoung de Jeff Strasser dunn eleng bei der Fola an der Responsabilitéit. Zweemol konnt hie mat deene Rout-Wäissen de Championstitel feieren. De 27. September 2017 gouf de 50 Joer ale Strasser Trainer beim 1. FC Kaiserslautern an der zweeter Bundesliga. Wéinst ënner anerem gesondheetleche Problemer war dat Kapitel um "Betze" schonn no 11 Matcher eriwwer. No sengem Comeback bei der Escher Fola goung säi Wee iwwer de Swift Hesper an d'Jeunesse Esch bei de Progrès Nidderkuer. Mat deene Giel-Schwaarze konnt hien 2024 d'Coupe de Luxembourg gewannen. Zanter Ufank des Joers war de Jeff Strasser wéi gesot ouni Veräin.

"Mäi Wee"-Geschichten aus dem Liewen: Jeff Strasser, e Mann mat Ecken a Kanten
An der 6. Episode vu "Mäi Wee" geet et ëm ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Futtballspiller vun allen Zäiten.