Den éischte Gol vum Jeff Strasser fir d'FLF-Selektioun - no Virlag vum Luc Holtz

© RTL (Archiv)
Am Joer 2000 huet den neien Nationaltrainer säin éischte Gol fir d'Rout Léiwe markéiert. D'Virlag koum vu sengem Virgänger Luc Holtz.
Um Enn huet sech d'Ekipp vum deemolegen Nationaltrainer Allan Simonsen awer 1:2 am Stade Josy Barthel an der WM-Qualifikatioun géint Slowenien misse geschloe ginn. Am Ganze konnt de Jeff Strasser a sengen 98 Matcher siwe Goler fir Lëtzebuerg markéieren. Dorënner och de legendäre Fräistouss bei der 2:1-Victoire an der WM-Qualifikatioun am Letzigrund Stadion géint d'Schwäiz. Säi leschte Gol huet de 50 Joer alen Nationaltrainer den 3. Oktober 2010 am Frëndschaftsmatch am Josy Barthel géint den Aserbaidschan geschoss.
Mat Ausnam vum Gol géint Ungarn kënnt Dir hei nach eng Kéier 6 Goler vum Jeff Strasser am Dress vun de Roude Léiwe Revue passéiere loossen.