Bayern deklasséiert Leipzig, Chelsea klappt West Ham, PSG minimalistesch

© AFP
Iwwerdeems souwuel d'Bayern, wéi och Chelsea hirer Favoritteroll gerecht gi sinn, hat de PSG dann dach e bësse méi Krämpes.
Bayern München - Leipzig 6:0
E Freideg den Owend war den Optakt an d'Bundesligasaison 2025/26, dat mam Match tëscht dem Titelverdeedeger Bayern München an dem RB Leipzig. Hei hunn d'Bayern dann definitiv direkt emol gewisen, dass si top preparéiert sinn. No den éischte 45 Minutte stoung et schonn 3:0 fir d'Haushären, dat no Goler vum Olise (27. an 42. Minutt), grad ewéi vum Luis Diaz an der 32. Minutt.
An der zweeter Hallschent wollt dunn nach e weider Spiller vun de Bayern seng éischt Goler vun der Saison schéissen, dat a Persoun vum Harry Kane. Deen huet bannent 14 Minutten, tëscht der 64. an der 78. Minutt net manner wéi 3 Goler geschoss, deemno e propperen Hattrick. Mat 6:0 schéckt München d'Leipziger nees heem... dat nennt ee wuel en Optakt no Mooss fir d'Bayern.
Bundesliga - Tabell
Premier League
West Ham - Chelsea 1:5
De bessere Start an de Match hat d'Heemekipp vu West Ham United. Schonn an der 6. Minutt konnt de Lucas Paqueta den 1:0 fir seng Faarwe markéieren. Chelsea huet awer net laang gebraucht, fir ze reagéieren. An der 15. huet de Joaa Pedro ausgeglach. Bis d'Paus konnt Chelsea souguer nach op 3:1 erhéijen, dat duerch Goler vu Pedro Neto an E. Fernandez. An der 54. Minutt huet de Caicedo de 4:1 geschoss, éier den Chalobah an der 58. souguer op 5:1 gesat huet. Déi éischt Fans vu West Ham hunn de Stadion verlooss an och um Terrain ass net méi vill geschitt.

© AFP
Premier League - Tabell
Ligue 1
PSG - Angers 1:0
De Paris St Germain ass minimalistesch ënnerwee. Um 1. Spilldag war et eng 1:0 Victoire zu Nantes, an och am éischten Heemmatch vun der Saison ass et um Enn een 1:0, dat no engem Gol vum Fabian an der 50. Minutt. Eigentlech hätt den Dembele scho mussen an der 1. Hallschent den 1:0 schéissen, ma hien huet beim Eelefmeter an der 27. Minutt de Ball iwwert de Gol geschoss.

© AFP
Mat dëser Victoire bleift de PSG virleefeg mol mat 6 Punkten aus zwee Matcher un der Tabellespëtzt.