Tower-Power-TrailBob Bertemes a Margaux Bruls Trail-Championen iwwer kuerz Distanz

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Tower-Power-Trail zu Wäicherdang goufen e Samschdeg déi national Championen iwwert déi kuerz Distanz (21 Kilometer) am Trail gesicht.
Bob Bertemes a Margaux Bruls Trail-Championen iwwer kuerz Distanz
Am Kader vum Tower-Power-Trail zu Wäicherdang goufen e Samschdeg déi national Championen iwwert déi kuerz Distanz (21 Kilometer) am Trail gesicht.

Den Numm vum Trail kënnt iwwerdeems net vun ongeféier. Schonn um Depart haten d’Leefer eng Vue op den Zwiwwel-Tuerm vu Wäicherdang. Wärend dem Trail haten d’Leeferinnen a Leefer dann nach eng Siicht op de Klierfer Kierchtuerm, de Schlasstuerm an dee vun der Abtei.

Bei den Häre konnt de Bob Bertemes (1:31:10) sech den Titel sécheren. Hien hat no deenen 21 Kilometer eng Avance vun 30 Sekonnen op de Luca Clees. Den Toni Veigas huet de Podium komplettéiert (+3:47).

Bei den Damme konnt d’Margaux Bruls (1:52:12) sech duerchsetzen, dat mat 4 Minutten Avance op d’Runa Egilsdottir a mat knapp 10 Minutten Avance op d’Sonny Eschette.

All d’Resultater vum Tower-Power-Trail fannt Dir hei.

D’nächst Joer ass iwwerdeems den 10. Anniversaire, vum Tower-Power-Trail.

Back to Top
CIM LOGO