Kapptreffer an Nullschratt goufen ugepasst

© Yannick Glod
Nieft den zwou groussen Neierunge goufen och nach eng Hellewull aner Reegelen adaptéiert. Spiller, Traineren an Arbittere musse sech dorop astellen.
De Weekend fänkt d'Championnat am nationalen Handball un.
Déi grouss Virschau op d'Damme-Championnat fannt Dir hei.
D'Virschau op d'Championnat vun den Häre gëtt et hei.
D’IHF, d’International Handball-Federatioun, passt hiert Reglement ëmmer nees den neie Spillweise vun Ekippen un a féiert nei Reegelen an, déi den Handball méi fair a méi sécher maache sollen. Donieft gëtt awer och Wäert dorop geluecht, dass d'Sportaart méi séier a méi attraktiv fir d'Zuschauer gëtt. Dës Reegelupassunge sinn awer net nëmme fir d'Spiller, d'Traineren an d'Zuschauer nei, mee och fir d'Arbitteren – an donieft usprochsvoll.
D'Reegelwierk gouf den 1. Juli 2025 vun der IHF op 11 Plazen ugepasst. Déi wichtegst heivu betreffen den Nullschratt an de Kapptreffer beim Golkipp. Donieft gouf et Upassungen (Golkipp mat Ball aus dem 6 Meter, Passiivt Spill oder "Zäitspill", 5 Offizieller um Spillbou) a Prezisiounen (ë.a. Spillfläch, 7-Meter-Werfen, 7-Meter-Pëff, Uworf).
Paul Nesser: "Reegelännerunge gehéieren zum Arbitterliewen"
De Paul Nesser ass nom Doud vum Patrick Simonelli den neie Reegelchef bei der FLH. De 60 Joer alen Arbitter, deen d'Lëtzebuerger Faarwen och als Delegéierten um europäeschen Niveau vertrëtt, ass am Gespréich mat RTL op d'Reegelupassunge fir déi nei Saison agaangen.
D'FLH-Arbitteren hate sech wéi gewinnt virun der Saison fir e Stage zesummefonnt. De Paul Nesser war frou iwwer de groussen Zousproch an déi grouss Presenz vun den Arbitteren. Wärend zwee Deeg ass een op déi grouss Ännerungen an der neier Saison agaangen; dofir war mam Beat Nagel, EHF-Delegéierten, och nees en internationalen Expert op Lëtzebuerg komm.

De Paul Nesser (lénks) an den EFH-Delegéierte Beat Nagel (riets) um Arbitterstage. / © FLH
An de leschte Jore gouf e Kapptreffer beim Golkipp op zwou Manéiere bestrooft: aus dem Spill eraus mat enger 2-Minutten-Zäitstrof, vum 7-Meter-Punkt mat enger Rouder Kaart. Och bei engem direkte Fräiworf als lescht Aktioun vun enger Hallschent krut de Werfer Rout, wann hien e Verteideger am Gesiicht getraff huet. Dës Reegel gouf uniformiséiert an zitt elo eng Zäitstrof mat sech. D'Erofsetze vun der Bestrofung bei engem Kapptreffer mécht d'Spill aus dem Paul Nesser senger Siicht méi fair, well d'Strof gläichwäerteg ass. Dës Upassung géif awer net ausschléissen, dass en Ugräifer, deen et dorop uleet, e Géigespiller ze blesséieren, disqualifizéiert kéint ginn.
Bei der zweeter grousser Upassung mam Nullschratt gesäit de Lëtzebuerger Reegelchef keng gréisser Problemer op d'Arbitteren duerkommen. "D'Arbittere musse just méi oppassen, wéini huet de Spiller de Ball a Buedemkontakt. Do kéint et am Ufank nach zu Interpretatiounsfeelere kommen. "Fir d'Spiller géif d'Upassung kee Problem duerstellen, déi hätten dës Gewunnecht schonn an de leschte Joren entwéckelt. Och nom Dribbele gëtt et elo en Nullschratt, net méi just no enger Pass.
Zënter dem 1. Juli gëtt et och méi Kloerheet doriwwer, dass de Golkipp Ball- a Kierperkontroll muss hunn, fir dass de Ball aus dem Spill ass. Wann de Golkipp mam Ball aus dem 6-Meter rutscht oder spréngt, geet d'Spill elo weider. Dës Ännerung huet awer och eng aner Konsequenz: Fält de Golkipp mam Ball am Grapp hannerzeg hannert d'Gollinn, zielt dat elo als Gol. Virun der Reegelännerung goung et mat Ofworf weider. Ausserdeem ass elo festgehalen, dass all Betriede vum 6-Meter-Raum (och nëmmen e puer Millimeter) säitens der Defense bei enger klorer Golgeleeënheet e 7-Meter-Worf als Konsequenz huet.
Dat komplett Reegelbuch fënnt een um Internetsite vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun op Däitsch, Franséisch an Englesch.
"All Reegelännerung bedeit méi Aarbecht fir den Arbitter"
Op d'Fro hin, ob d'Arbittere fir déi nei Saison nach aner Direktive mat op de Wee kruten, huet de Paul Nesser geäntwert, dat Wichtegst wier d'Applikatioun vun de Reegelupassungen. Aner Direktive géifen am Laf vun der Saison kommen.
Op e puer Saache géifen d'Arbitteren zënter Joren higewisen: net ze vill 7-Metere päifen an d'Bandspiller sollen an hirer Fräiheet ageschränkt ginn. Doru wéilt ee weiderhi schaffen, d'Baussespiller awer weiderhi schützen. "Viru Joren huet d'IHF gesot 'Protect the wing'. Zënterhier ass et awer 'The Wing is King'".
Op d'Reegel mam siwente Feldspiller ugeschwat, déi virun allem am Ausland ëmmer nees fir Opreegung an Diskussioune suergt, huet de Paul Nesser eng kloer Äntwert ginn: "D'Arbitteren hu sech nach ni iwwer e siwente Feldspiller opgereegt". "Et sinn éischter d'Traineren an d'Experten", déi sech dogéint striewen.
Situatioun zu Lëtzebuerg
Den FLH-Reegelchef huet nach eng Kéier kloergestallt, dass an der Saison 2025/26 en Timeout, mat Ausnam vum Final4 an der Coupe, mat der Grénger Kaart ugefrot gëtt. De Buzzer wäert an der Axa League 2026 obligatoresch ginn.
Op déi aktuell Situatioun vum Arbitrage zu Lëtzebuerg ugeschwat, sot de Paul Nesser, dass een am Moment ganz schlecht do stoen an et un Nowuess feele géing. Aktuell hätt ee knapp iwwer 40 Arbitteren, dovu wären der 30 iwwer 40 Joer al. Weiderhi géifen och nach Leit iwwer 60 Joer päife goen. Virun allem am Alter tëscht 20 an 30 Joer géife Leit feelen. Bei deene Jonken, déi sech fir den Arbitrage begeeschtere kënnen, géif ee virun allem un der Kierpersprooch schaffen, fir dass een um Terrain säi Mann oder seng Fra stoe kann.
Wie sech als Handballarbitter engagéiere wëll, ka sech iwwer d'E-Mail-Adress arbitre@flh.lu mellen.