Champions LeagueRemis tëscht Bruges an Atletico, Bodø/Glimt klappt Inter

Ted Koob
Bruges louch an enger animéierter Partie mat 0:2 an 2:3 hannen. D'Belsch koumen ëmmer nees zréck a konnte sech um Enn en 3:3-Remis erkämpfen.
© Nicolas Tucat/AFP

Um Mëttwoch Owend stoungen an der UEFA Champions League d’Suite vun den Allersmatcher vun de Playoffen um Programm.

Tëscht Bruges an Atletico gouf et en 3:3-Gläichspill. An Norwegen gouf et eng kleng Iwwerraschung. Bodø/Glimt huet mat 3:1 géint Inter d’Iwwerhand behalen. Olympiacos war Leverkusen doheem mat 0:2 ënnerleeën.

Am fréien Owend hat sech Newcastle zu Qarabag mat 6:1 duerchgesat a steet mat méi wéi engem Been an der Aachtelsfinall. De Gordon huet net manner wéi véier Goler markéiert.

D’Retourmatcher vun de Playoffe gi schonn déi nächst Woch gespillt.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Bruges - Atletico Madrid 3:3
0:1 Alvarez (8', Eelefmeter), 0:2 Lookman (45+4'), 1:2 Onyedika (51'), 2:2 Tresoldi (60'), 2:3 Ordonez (79', Selbstgol), 3:3 Tzolis (89')

D'Goler vun der Partie Bruges - Atletico
6 Goler kruten Spectateuren zu Bruges ze gesinn.

D’Partie huet fir d’Gäscht gutt ugefaangen. De Seys krut de Ball am Strofraum onglécklech widder d’Hand an et gouf Eelefmeter fir Atletico. Den Alvarez konnt deen erasetzen. An der Suite huet Bruges d’Heft an d’Hand geholl. An der 12. Minutt war dem Onyedika säi Schoss net präzis genuch, dräi Minutte méi spéit huet den Tresoldi laanscht de Gol gezielt.

An der 19. Minutt war et nach emol den Tresoldi, deen um Oblak hänke bliwwen ass. D’Gäscht stoungen defensiv net gutt an hunn hanne vill zougelooss. An der 34. an an der 37. Minutt hunn Diakhon an Onyedika weider Chancë leie gelooss. D’Belsch hunn e gudde Match gemaach, just d’Chancëverwäertung huet net gestëmmt. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent koum et knëppeldéck fir Bruges. No engem Corner konnt de Lookman op 2:0 erhéijen. Mat deem Resultat goufen d’Säite gewiesselt.

Den Ufank vun der 2. Hallschent goung genee wéi de groussen Deel vun der 1. Hallschent u Bruges. Déi Kéier sinn der Heemekipp och Goler gelongen. Den Onyeka konnt an der 51. Minutt no engem Corner den Uschlossgol markéieren. 9 Minutten drop huet den Diakhon de Simeone iwwer lénks stoe gelooss. Seng Flank konnt den Tresoldi an der Mëtt am Gol ënnerbréngen. No 60 Minutte stoung et 2:2 gläich.

D’Gäscht koumen duerno nees besser an d’Partie an de Sörloth huet an der 69. Minutt e Ball op d’Lat gekäppt. No enger weiderer gudder Chance vum Norweger ass Atletico nees a Féierung gaangen. No enger secker Flank vum Llorente konnt den Ordonez de Ball just nach an den eegene Gol deviéieren. Bruges huet net opginn a konnt an der 89. Minutt duerch den Tzolis nach emol markéieren. Beim 3:3 sollt et bis zum Schluss bleiwen.

Déi bescht Zeene vun der Partie Bruges - Atletico
Besonnesch Bruges hat Chancë fir nach méi Goler ze markéieren.

Qarabag - Newcastle 1:6
0:1 Gordon (3'), 0:2 Thiaw (8'), 0:3 Gordon (32', Eelefmeter), 0:4 Gordon (33'), 0:5 (45+1', Eelefmeter), 1:5 Jafarguliyev (54'), 1:6 Murphy (72')

Olympiacos - Leverkusen 0:2
0:1 Schick (60'), 0:2 Schick (63')

Bodø/Glimt - Inter 3:1
1:0 Fet (20'), 1:1 Esposito (30'), 2:1 Hauge (61'), 3:1 Högh (64')


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO