Et ass fir déi éischte Kéier, datt sech bei der Volleyball-Weltmeeschterschaft 32 Ekippe fir d'Endronn qualifizéiere konnten.

An der Virronn gouf an den 8 Gruppe (A-H) no 16 Ekippe gesicht, déi vun e Samschdeg un an de 1/16s-Finallen am KO-Modus weiderspillen.

An der Pool A hu sech Tunesien an den Iran mat 2 Victoiren an 1 Defaite fir déi nächst Ronn qualifizéiert.

Pool B gouf vum Nations-League-Gewënner Polen dominéiert. Och nach mat an 1/16s-Finall kommen d'Hollänner.
An der Pool C huet et den duebelen Olympiagewënner Frankräich erwëscht. Ngapeth a Co hate sech um Dënschdeg iwwerraschend misse géint Finnland geschloe ginn an hunn um Donneschdeg unbedingt eng Victoire géint Argentinien gebraucht. Nodeems d' Südamerikaner déi éischt 2 Sätz denkbar Knapp mat 28-26 a 25-23 gewonnen haten, hunn d'Fransousen nach emol konnten ausgläichen. Am Tie Break haten d'Argentinier awer déi gréisser Reussite am Block an hire Passeur Luciano de Cecco huet mat grousser Iwwersiicht ëmmer déi besser Solutioune fonnt. Domat qualifizéiere sech a Finnland an Argentinien fir 1/16s-Finall.

D'USA a Portugal heeschen déi 2 Ekippen, déi et aus der Pool D an déi nächst Ronn gepackt hunn.

E puer ganz serréiert Matcher goufen et an der Pool E. Schonn den éischte Saz tëschent Däitschland a Bulgarien hat et a sech. Mat 40-38 konnt Bulgarien ronderëm de Superstar Simeon (Moni) Nikolov dëse fir sech decidéieren. D'Bulgare konnte sech an hirem zweete Match a 5 Sätz géint Slowenien behaapten. Fir déi Däitsch war d'WM no enger Victoire géint de Chile an zwou 1-3 Defaitë géint Bulgarien a Slowenien eriwwer.

Spannend war et och an der Pool F. Hei hat sech d'Belsch iwwerraschend mat 3-2 géint den Titelverdeedeger Italien duerchsetze kënnen. De Belsch Ferre Reggers huet hei mat 31 Punkten erausgestach. Deemno sollt d'Entscheedung tëschent den Italieener an de Spiller aus der Ukrain falen, wou sech den aktuelle Welt- an Europameeschter duerchsetze konnt.

An der Pool G war et den iwwerraschenden Out fir Japan. Hei konnt sech d' Tierkei mat 3 Victoirë viru Kanada qualifizéiert.

Och nach an der nächster Ronn si Serbien a Brasilien aus der Pool H.

Hei d'Matcher vun de 1/16s-Finallen:

Tunesien -  Brasilien
Iran - Serbien
Polen - Kanada
Holland - Tierkei
Argentinien - Italien
Finnland - Belsch
USA - Slowenien
Portugal - Bulgarien