En Donneschdeg den Owend goufen an der UEFA Europa League d’Allersmatcher vun de Playoffe gespillt, an deenen et fir d’Ekippen eng lescht Chance fir an d'1/8-Finalle gëtt.
De VfB Stuttgart konnt sech hei mat 4:1 géint Celtic Glasgow duerchsetzen. Am legendäre Celtic Park waren déi däitsch Gäscht an der éischter Hallschent kloer déi besser Ekipp a louchen deemno och verdéngt mat 2:1 a Féierung. Am zweeten Duerchgang war et der Lokalekipp da méi dacks gelongen, offensiv Akzenter ze setzen, ma duerch zwee weider Goler vum Jamie Leweling an Tiago Tomas sollt et um Enn bei engem klore Stuttgarter Succès bleiwen.
Méi fréi am Owend gouf et schonn eng kloer 3:0-Victoire fir Nottingham auswäerts bei Fenerbahce. No de Goler vum Murillo an Igor Jesus war et fir d’Englänner zu Istanbul scho mat enger 2:0-Féierung an d’Paus gaangen. Mam drëtte Gol vum Gibbs-White stoung um Enn eng méi wéi verdéngt Victoire, mat där een am Retourmatch d’Kaarte selwer am Grapp huet.
An deene weidere Partië vum Owend konnte sech donieft nach Celta Vigo, Genk, Bologna, Rasgrad an de Roude Stär Belgrad duerchsetzen. E Remis gouf et tëscht Panathinaikos a Viktoria Pilsen.
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.