Kader-Presentatioun vun den FLF-Damme fir d'WM-QualifikatiounLeila Schmit a Joana Lourenco aus schoulesche respektiv beruffleche Grënn net mat dobäi

Sam Rickal
E Fréideg huet den Damme-Futtballnationaltrainer Dan Santos säi Kader fir déi éischt zwee Matcher géint Schottland annoncéiert.
© Sam Rickal

Nodeems déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp am Juni d’lescht Joer an d’Liga B vun der Nations League opgestige war, start fir d’Ekipp vum Dan Santos den 3. Mäerz eng nei Campagne. Um Spill steet d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2027 a Brasilien, déi a Form vun der Nations League gespillt gëtt. Am Grupp B4 heeschen d’Géigner Schottland, Israel an d’Belsch.

Fir den Optakt kréien et d’Rout Léiwinnen den 3. Mäerz ëm 19.30 Auer heiheem um Escher Gaalgebierg mat de Schottinnen ze dinn, déi aus der Liga A vun der Nations League ofgestige waren. Doduerch datt Israel hir Matcher op neutralem Buedem spillt, gouf de Spillplang esou ugepasst, datt all Natioun bei all internationalem Rassemblement, zweemol géint déi nämmlecht Ekipp spillt. Deemno spillen d’FLF-Dammen hir Retourpartie de 7. Mäerz ëm 18 Auer eiser Zäit am Hampden Park zu Glasgow a Schottland. D’Ekipp vun der Insel gehéiert zesumme mat de Belsch dem Nationaltrainer no zu de Favoritten an dësem Grupp. Israel gesäit den Dan Santos um nämmlechte Niveau wéi Lëtzebuerg.

E Freideg de Moien huet den Nationaltrainer Dan Santos säi Kader annoncéiert. Grouss Iwwerraschunge goufen et keng. Ënner anerem sinn d’Leila Schmit an d’Joana Lourenco aus schoulesche respektiv beruffleche Grënn net mat dobäi. Fir de Rescht huet den FLF-Coach säi komplette Kader zesummen.

Fir déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp ass et déi éischt Participatioun an der Liga B vun der Nations League. De Maintien ass fir Miller, Thompson a Co. dat grousst Zil.

Lass geet et fir d’Rout Léiwinne wéi gesot den 3. Mäerz ëm 19.30 Auer um Escher Gaalgebierg géint Schottland.

Back to Top
CIM LOGO