Leverkusen schéisst Heidenheim of, Bayern evitéieren éischt Néierlag
© AFP
Um 10. Spilldag huet Bayern München bei Union Berlin 2:2 gespillt, och Dortmund huet mat Hamburg gedeelt a Leipzig géint Hoffenheim de Kierzen zitt.
Den Tabelleleader Bayern München huet seng éischt Néierlag an der Bundesliga esou just verhënnert kritt a léisst domat déi éischt Punkten an dëser Saison leien. No méi wéi 90 Minutte stoung et géint Union Berlin 2:2. Berlin hat déi éischt hallef Stonn méi vum Match a goung verdéngt a Féierung, mee nach virun der Paus konnt de Luis Diaz aus engem onméigleche Wénkel fir d'Bayern ausgläichen. D'Lokalekipp huet d'Gäscht fréi gestéiert an ass de Match bis zum Enn clever ugaangen. Nom 2:1 an der 83. Minutt hat ee sech awer ze fréi gefreet, well de Kane an der Nospillzäit nach den Ausgläich markéiert huet.
Bayer Leverkusen huet sech de Frust vun der Néierlag géint Bayern virun enger Woch vun der Séil geschoss an Heidenheim mat engem 0:6 heemgeschéckt. Ënnert der Woch hat d'Ekipp vum Trainer Hjulmand scho bei Benfica Lissabon gewonnen. Schonn no 2 Minutte louch de Ball am Heidenheimer Gol a Leverkusen huet bis an d'Paus e Feierwierk ofgebrannt. Heidenheim wosst guer net, wat mat hinne geschéie géif. Nom 5:0 an der Paus huet d'Werkself zwar nach déi hallef Dose voll gemaach, mee duerno zwee Gäng erausgeholl an de Match ouni Problem op en Enn bruecht. Et war de séierste 4:0 an der Bundesliga-Geschicht vu Leverkusen - no 27 Minutten.
Borussia Dortmund huet eng weider Victoire verspillt a sech a leschter Sekonn den Ausgläich vun Hamburg zum 1:1 gefaangen. No enger net schéin unzekuckender éischter Hallschent koum de Match an der 64. Minutt esou richteg op Touren, wéi de Chukwuemeka fir de BVB markéiere konnt. Hamburg huet awer net opginn a gouf an der 97. Minutt mam Ausgläich belount.
RB Leipzig muss déi éischt Néierlag zënter dem 1. Spilldag bei Bayern München astiechen. Et verléiert 1:3 zu Hoffenheim. Am Duell vun den Ekippe mat der beschter Leeschtungskurv an de leschte Matcher waren d'Gäscht wuel a Féierung gaangen, mee Hoffenheim huet sech net lompe gelooss a säi Matchplang duerchgezunn. D'TSG konnt de Match nach virun der Paus dréien a gewënnt um Enn verdéngt.
An der Owespartie huet Gladbach de Rhein-Derby géint den Noper vu Köln gewonnen, woumat hinnen e weidere Befreiungsschlag gelongen ass. Den 3:1 géint den Effzeh war déi zweet Victoire hannertenee fir d'Fohlen. Béid Ekippen hu sech an der éischter Hallschent gréisstendeels neutraliséiert, mee d'Lokalekipp konnt nach virun der Paus op 1:0 stellen. Gladbach krut an der 60. Minutt en zweeten Eelefmeter zougesprach, deen dës Kéier verwandelt gouf, an huet kuerz drop den drëtte Gol markéiert. Domat war de Match gelaf. Köln ass an der Nospillzäit nach den Éieregol gelongen.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.