Bei dësem grenziwwerschreidenden Event gëtt zënter 1992 iwwer däitschen a lëtzebuergeschen Territoire gelaf.

Iwwer 1.300 Leefer a Leeferinnen hate sech fir d'Course iwwer 10 Kilometer ageschriwwen. Mat de Kannerkompetitioune (iwwer 500) waren et méi wéi 1.800 Participatiounen. Zënter 1992 gëtt dëst Lafevent vun der LG Langsur organiséiert an de Circuit verleeft laanscht béid Säite vun der Sauer.

D'Haaptcourse vun der 33. Editioun vum DEULUX-Lauf gouf vun de Lëtzebuerger Gil Weicherding an Anny Wolter gewonnen. De Weicherding (30'40'') konnt säi Brudder Charel 12 Sekonnen (30'52'') hannert sech loossen an hat och eng Avance vu 25 Sekonnen op den Drëttplacéierten Alois Ebel (31'05'').

D'Anny Wolter (35'52'') koum insgesamt op déi 48. Plaz an huet domat d'Dammekategorie gewonnen. D'Jenny Gloden hat als Zweetplacéiert just 12 Sekonne Réckstand op hir Clubkomerodin vum CA Fola (36'04''). Drëtt Damm gouf d'Teresa Frank (36'21'').