De Lëtzebuerger Champion bei den Damme geet duerch d'13:36-Néierlag mat engem grousse Réckstand an de Retourmatch vum 3. Tour am European Cup.

De Lëtzebuerger Handball-Champion bei den Dammen HB Käerjeng huet um Freideg den Owend am Allersmatch vum 3. Tour vum European Cup däitlech mat 13:36 géint de Favorit aus Italien Casa Santa Erice de Kierzere gezunn. An der Paus louch de Veräin aus dem Grand-Duché mat 10:19 am Réckstand.

D'Jil Reiter huet beim Lëtzebuerger Champion déi meescht Goler markéiert an zwar 6.

De Retourmatch ass e Samschdeg den Owend um 18 Auer an dat och auswäerts a Sizilien.