Am paralympesche Sport gëtt Inklusioun groussgeschriwwen
De Paralympic Day war och e Samschdeg erëm e grousse Succès, net nëmmen fir d'Organisateuren, mee och fir déi Leit, déi erageluusst hunn.
De Paralympesche Sport ass inklusiv a béide Richtungen. D'Caecilia Riedl huet nëmme nach 5 Prozent vun sengem Séiverméigen, huet awer haut gewisen, wat si drop huet. Dobäi trainéiert déi 15 Joer al Judoka awer och nach mat valide Sportler an der Judonationalekipp. Dobäi erausgespronge sinn eng sëlleg Victoirë bei Turnéier, Enn Oktober zum Beispill beim Internationalen Däitsche Jugend-Para-Judo-Championnat.
De Joe Schmit klëmmt, och mat engem Handicap u senger rietser Hand. Et ass impressionant, hien bei sengem Sport ze gesinn. An esou eng Klammmauer kommen déi mannst ouni Handicap eréischt erop. Paralympesch Sportler sinn deene meeschte sécherlech an eppes iwwerleeën. Nämlech de Wëllen, eppes fir eppes ze erreechen.
De Parasport war zanter Joren een vun de Stéifkanner vum Lëtzebuerger Sport. Mee verdéngt huet en méi. Dat gesait een un der grousser Motivatioun am Benevolat, mee och un de Resultater. Dobäi muss ee wuel nëmmen un dem Tom Habscheid seng Bronzemedail zu Paräis denken.
An och de Staat huet dat erkannt, an mat enger Konventioun d'Ënnerstëtzung fir de Parasport e fir alle Mol reglementéiert.
De Paralympic Day war och e Samschdeg erëm e grousse Succès, net nëmmen fir d'Organisateuren, mee och fir déi Leit déi erageluusst hunn.