Red Boys gewanne mat Krämpes, Diddeleng souverän
© Archiv
Dëse Weekend hu béid Ekippen dovu profitéiert, fir hir Matcher géint Käerjeng respektiv de Standard nozehuelen.
Axa League Hären
Eng Woch no de Lännermatcher vun der Nationalekipp stoungen an der Axa League zwee Nodrosmatcher um Programm.
D'Déifferdenger Red Boys huet sech laang Zäit immens schwéier gedoe géint den HB Käerjeng, gewënnt um Enn awer verdéngt 38:35. Opgrond vun der Tabellekonstellatioun war Déifferdeng als klore Favorit an de Match gaangen, mee Käerjeng schéngt säi Spillsystem sou lues fonnt ze hunn, wat am Ufank vun der Saison nach net ze gesi war.
De Champion louch wuel de ganze Match iwwer vir, mee Käerjeng huet laang Zäit net méi wéi 4 Goler ofräisse gelooss. D'Gäscht hunn disziplinéiert gespillt a goufe mat engem Pausestand vun 19:20 aus hirer Siicht belount. Och nom Säitewiessel sollt sech de Spectateuren dat selwecht Bild bidden: Käerjeng huet Déifferdeng bis an d'47. Minutt net méi wéi 3 Goler ewechzéie gelooss. Mee dunn ass der jonker Ekipp vum Trainer Ben Schuster d'Loft ausgaangen an d'Red Boys konnt hir mat engem Tëschespurt den néidegen Ecart fir d'Victoire erausspillen. An der Tabell bleift Déifferdeng Tabellenéischten, Diddeleng ass neien Zweeten, well Bierchem nach ee Match manner huet.
Am zweeten Nodrosmatch huet sech Diddeleng beim HC Standard keng Bléisst ginn a souverän 40:21 gewonnen. Den HBD konnt sech ab der 18. Minutt ofsetzen an d'Féierung bis an d'Paus op 11 Goler ausbauen. Domat war de Match no 30 Minutte schonn duerch, well d'Fiiss hunn och am zweeten Duerchgang näischt ubrenne gelooss an de Virsprong nach weider ausgebaut. De Standard hat net säi beschten Dag an hat och keng komplett Bänk. De Loris Labonté war mat 9 Goler den erfollegräichste Werfer.
Fir dass all d'Ekippen déi selwecht Unzuel u Matcher hunn, bleift nach d'Partie Bierchem géint Rëmeleng ze spillen. Déi steet den 12. November un.
Am Dammechampionnat waren dëse Weekend keng Matcher. Ausserdeem ass den HB Käerjeng op europäeschem Plang ënnerwee. Nächst Woch sinn dann d'Hären drun.