ManU rett Gläichspill zu Tottenham
© AFP
Arsenal London huet d'Punkten och gedeelt, genee wéi Juventus Turin an Italien. Marseille an Atlético Madrid hunn dogéint 3 Punkten agesäckelt.
Bundesliga
De Resümmee vun de Bundesliga-Matcher fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Tottenham - Manchester United 2:2
0:1 Mbeumo (32'), 1:1 Tel (84'), 2:1 Richarlison (90'+1), 2:2 de Ligt (90'+6)
Et war de Remake vun der Europa-League-Finall aus dem Mee; och vun der Leeschtung hier. An engem iwwer laange Strecke langweilege Match war Manchester a Féierung gaangen an huet dobäi dovu profitéiert, dass vun de Spurs quasi keng Gefor ausgoung. Dat sollt sech nom Säitewiessel änneren, mee Tottenham koum net laanscht de géigneresche Golkipp. D'Spannung, déi 80 Minutten net present war, koum nom Ausgläich vun de Spurs op. An nom 2:1 an der Nospillzäit hate scho vill Leit eng Tottenham-Victoire virun Aen, mee den de Ligt hat eppes dogéint an huet an der 96. Minutt per Kapp den 2:2 markéiert. Fir ManU war et net déi erhofft véiert Victoire aus fënnef Matcher an Tottenham verléiert weider den Uschloss un Arsenal.
Sunderland - Arsenal 2:2
1:0 Ballard (36'), 1:1 Saka (54'), 1:2 Trossard (74'), 2:2 Brobbey (90'+4)
Sunderland louch an der Paus net onverdéngt a Féierung, well et sech taktesch clever verhalen an op Konter gelauert huet. Arsenal ass am zweeten Duerchgang awer mat honnert à l'heure ugerannt a gouf mam Ausgläich belount. D'Gunners hunn hir Dominanz kuerz drop an en 2:1 ëmgemënzt, mee dat sollt net duergoen, well Sunderland weider u sech gegleeft huet. Trotz dësem Gläichspill huet Arsenal an der Tabell eng komfortabel Avance op ManCity, Sunderland ass provisoresch Drëtten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Juventus Turin - FC Turin 0:0
Am Turiner Stadduell kruten d'Spectateure keng Goler ze gesinn. Mee den Derby della Mole hat och kee Gewënner verdéngt. Torino huet sech haaptsächlech op d'Verteidege konzentréiert, d'Juve koum zu kengen anstännege Golchancen. Dat hunn d'Spectateuren, zemools vu Juventus, mat Pëff kommentéiert. Juventus Turin verpasst et domat, op Neapel an den AC Mailand opzeschléissen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Marseille - Brest 3:0
1:0 Gomes (25'), 2:0 Greenwood (33', Eelefmeter), 3:0 Aubameyang (81')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Atlético Madrid - Levante 3:1
1:0 Dela (12', Eegegol), 1:1 Sanchez (21'), 2:1 Griezmann (61'), 3:1 Griezmann (80')