Den Nico Braun war den éischte Lëtzebuerger, deen an der Bundesliga als Profi gespillt huet. Zu Lëntgen huet 1986 seng Karriär opgehalen.

Zu Jonglënster op der Terrass vun engem Bistro hunn ech Rendez-vous mam Nico Braun. Gutt gelaunt a voller Freed dréckt de fréiere Futtballprofi mir d'Hand a seet: "Salut Christophe, schéin dech ze gesinn". "Gläichfalls", äntweren ech zréck.

RTL Sonndesinterview mam fréiere Fussballprofi Nico Braun
"Fussball war mäi Liewen"

Vu Walfer eraus an déi wäit Welt

Wat vläicht déi Mannste wëssen, de Nico Braun huet zu Walfer ugefaange Futtball ze spillen. "Mäi Papp war Coiffer a meng Elteren haten e Bistro zu Bäreldeng. Do stoung d'Thema Futtball ëmmer um Programm. Mäi Papp huet jo selwer och op der Spora an op der Union gespillt. De Wee vu Bäreldeng op Walfer war domadder net wäit", sou de fréiere Profi am RTL-Gespréich. "Ech sinn awer nëmmen zwee Joer an de Scolairë bliwwen, well eng Cadets-Kategorie haten se zu Walfer net. Sou vill jonk Spiller haten si net do. An dat war dunn de Moment, wou ech dunn an d'Stad bei d'Union gewiesselt sinn".

An den Nico Braun weider: "Du wäerts laache Christophe, mee ech hunn och eng Zäit laang Basket gespillt. Zu Walfer." Beim Futtball a Basket war hien deemools als jonke Bouf aktiv.

De Nico Braun am RTL Interview
Fussball a Basket huet de Nico Braun am Ufank gespillt.

Vun engem Training bei Gladbach bis bei de Günter Siebert vu Schalke 04

Dem Nico Braun seng Karriär als Futtballprofi huet zu Gelsenkirchen ugefaangen. Bei Schalke 04. Datt de Lëtzebuerger do gelant ass, ass u sech engem Zoufall ze verdanken. "Mir hate bei der Union eng Persoun, déi war Unhänger vu Borussia Mönchengladbach. Dee Mann hat dunn an d'Rei bruecht, dass ech do kéint un engem Training deelhuelen. Do hat ech och zougesot. Dëst huet och de Günter Siebert zu Gelsenkirchen matkritt". Dem Här Siebert seng Reaktioun koum du prompt:

De fréiere Fussballprofi am Gespréich
Dem Nico Braun säi Wee op Schalke

"Méindes sinn ech du mat mengem Volkswon duerch d'Eifel op Gelsenkirchen gefuer". Dëst erzielt mir de Nico Braun voller Euphorie. "Ech war eleng ënnerwee. Fir dann och den Terrain ze fannen". Zu Gelsenkirchen beim Stadion ukomm, stoung en eelere Mann, e Gardien virun enger holzener Barrière. "Do koum ech du mat menger Lëtzebuerger Plack do ugefuer an ech hat d'Fënster nach net erof, du schwätzt den Här mech un: Kein Problem Herr Braun, fahren Sie rein. Auf der linken Seite können Sie stehen bleiben. Dann gehen Sie gerade aus und da sind dann die Kabinen". Den Nico Braun erzielt mir déi Geschicht, wei wann et gëschter gewiescht wär.

De Sonndesinterview mam Nico Braun
Éischten Training zu Gelsenkirchen

No der Dusch ass de Nico Braun du bei déi Responsabel vum Club gaangen. "Und Herr Braun, wie war's?". Dëst ass de Futtballspiller gefrot ginn. "Sie fragen mich, wie war's. Sie müssen mir sagen wie's war. Ich weiss es nicht", sou d'Äntwert vum Nico Braun. An déi Responsabel vu Schalke weider: "Wir bieten Ihnen einen Vertrag an. Es wäre ein 3 Jahresvertrag. Aber Sie müssen entscheiden, ob Sie ja oder nein sagen". Ier hien eng Decisioun hëlt, freet den Nico, sengem Papp däerfen doheem unzeruffen, wat de jonke Mann dunn och mécht.

RTL Sonndesinterview
Vu 1971 bis 1973 war de Nico Braun zu Gelsenkirchen aktiv.

Wärend zwou Saisonen huet den Nico Braun op Schalke Futtball gespillt. Vu 1971 bis 1973. A 35 Matcher huet de Stiermer 15 Goler geschoss.

"Ech hu meng Aarbecht gutt erfëllt"

"Ech kréien all Joers fir mäi Gebuertsdag nach eng Kaart vu Schalke mat Felicitatioune geschéckt. Fir d'Enn vun der Saison ginn ech ëmmer invitéiert fir dee leschte Match op Gelsenkirchen ze kommen. Hei kucke mir eis zesummen de Match un, poteren a ginn zesummen iessen", sou erzielt mir den Nico Braun seng Geschicht als Profi bei Schalke 04. "Ech hu mech do ëmmer wuel gefillt. Ech hunn alles versicht a gemaach fir Fouss an der Ekipp ze faassen. Dat ass mir och gelongen. Déi Trainingen zu Gelsenkirchen waren natierlech net mat deenen zu Lëtzebuerg ze vergläichen. Wann ech nom Training heem komm sinn, dann hunn ech mech geluecht a mol 3 bis 4 Stonne geschlof. Sou krass war dat deemools", sou de Profi am RTL-Gespréich.

"Houfreg, éischte Lëtzebuerger als Profi an der Bundesliga gewiescht ze sinn"

Et war schwéier, Stammspiller bei Schalke ze ginn. "Deemools hate mir nieft Bayern München déi beschten Ekipp, déi an der Bundesliga gespillt huet. Op menger Plaz huet de Klaus Fischer gespillt. Hien huet och fir déi däitsch Nationalekipp gespillt. A ronderëm e lauter Spiller vun deenen's de nëmme konnts léieren. Ech hunn an der éischter Saison eng Réi Matcher gespillt. Wann ech gespillt hunn, war dat ëmmer méi oder wéineger an der Rei. D'zweet Saison ass et dunn nach liicht besser ginn. Do war deen ominéise Skandal vu Schalke, wou mat Bielefeld Schmu bedriwwe gouf. Enner anerem war de Klaus Fischer och an deem Grupp mat dran. Deen ass du gespaart ginn. Du war ech Titulaire. Do hunn ech Mëttelstiermer gespillt. An der zweeter Saison hunn ech 13 Goler geschoss".

FC Metz: d'Kiischt um Kuch als Futtballspiller 

Vun 1973 bis 1978 huet den Nico Braun fir de Club aus der Lorraine gespillt. An 170 Matcher 109 Goler markéiert. 99 am Championnat an 8 an der Coupe de France.

No der zweeter Saison bei Schalke huet de Lëtzebuerger Nationaltrainer Gilbert Legrand sech beim Nico Braun gemellt. "Hues du Interessi op Metz ze kommen? Déi sichen en Zenterstiermer", sou huet de franséische Coach sech gemellt. Dem Lëtzebuerger Nationalspiller seng Fra war begeeschtert. "Nico, maach mir ee Gefalen. Komm mir ginn op Metz". Gesot, gemaach. Den Nico Braun hat beim FC Metz e 5 Joreskontrakt ënnerschriwwen a seng Stammplaz an der Ekipp war him sécher.

De Nico Braun am RTL Sonndesinterview
5 Joer Fussball beim FC Metz

Beim franséische Veräi gouf den Nico Braun "meilleur buteur". Am Dezember 1974 ass et dem Profi gelongen, 4 Goler an engem Match ze schéissen. Dat war géint Saint-Etienne. "Dat war den Héichpunkt vu menger Karriär". Dëst erzielt mir de fréiere Profi net ganz ouni Houfert. "Saint-Etienne waren deemools an Europa mat déi beschten Ekipp. Wann ech e Gol och nach mam rietse Fouss schéissen, da kanns du dir virstellen, dass mir alles gelongen ass".

Elo genéisst de fréiere Profi seng Zäit mat senger Famill. Seng Fra an d'Enkelkanner maachen dem Nico Braun vill Spaass. Vakanz gëtt och munchmol gemaach. D'belsch Plage an de Westerwald ginn da vun der Famill ugesteiert.

De 26.Oktober feiert den Nico Braun säi 75. Gebuertsdag.