
Iwwer de Mindestloun gouf jo an de leschten Deeg a Woche vill diskutéiert: D’Regierung geet net op de Wee vun enger struktureller Erhéijung, et kënnt awer duerch de Re-Ajustement an dem Index zu enger Hausse vu 6,3 Prozent op den éischte Januar 2027. Ma wéi gëtt kontrolléiert, datt de Mindestloun och wierklech agehale gëtt? Dofir ass d’ITM zoustänneg, wéi den Aarbechtsminister Marc Spautz an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo erkläert.
D’ITM mécht reegelméisseg Kontrollen an Entreprisen, fir ze kucken, ob de Mindestloun korrekt ausbezuelt gëtt oder net. Gekuckt gi relevant Dokumenter wéi Pai-Ziedelen. Am leschte Joer goufe ronn 1.400 esou Kontrolle gemaach. Dobäi si 26 Verstéiss festgestallt ginn. D’Zuele si réckleefeg: 2021 huet d’ITM nach 85 Mol festgestallt, datt sech net korrekt un de Mindestloun gehale gouf, dat bei just 1.100 Kontrollen. Zanter 2020 goufe 7.888 Kontrolle gemaach, mat am Ganzen 336 Verstéiss. A 4,2 Prozent vun de Kontrolle gouf sech also net un de Mindestloun gehalen.
Déi meeschte Verstéiss ginn et am Horeca-Secteur: vun de 26 Irregularitéiten am leschte Joer goufen et der eleng hei 13, also genee d’Hallschent. Och an den Zuele vun de leschte Joren ass den Horeca-Secteur vir bäi, wann et ëm d’Verstéiss ronderëm de Mindestloun geet. Aner Secteure sinn och nach de Bau, de Commerce oder den Transport, mat awer wäit manner Fäll.
Wat riskéieren d’Entreprisen an esou engem Fall? D’ITM géif d’Prioritéit drop setzen, datt d’Situatioun fir de Salarié esou séier wéi méiglech gereegelt gëtt. Geschitt dat net, da kann den Employeur eng Geldstrof vun 251 bis 25.000 Euro riskéieren. Dat kéim awer éischter seele vir.
D’ITM géif dann och an éischter Linn op Preventioun setzen: Dat duerch Sensibiliséierungs-Brochuren oder och geziilte Kontrollen.