Déi grouss Favoritte Mathieu van der Poel a Wout van Aert hu sech beim Klassiker Gent-Wevelgem missen dem Jasper Philipsen (Alpecin-Premier Tech) geschloe ginn. Déi zwee Klassiker-Spezialiste van der Poel a van Aert hu sech wuel op de Koppen op schwéiere Pawee eng 36 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ofgesat, goufen awer 1 Kilometer viru Schluss nach vum Peloton gestallt. An sou huet Decisioun missen am Sprint falen. An hei war no 240,8 Kilometer kee Kraut gewuess géint de Belsch Jasper Philipsen. Op d’Plazen 2 an 3 fueren den Tobias Lund Adresen (Decathlon CMA Team) an de Christophe Laporte vum Team Visma Lease a Bike.
De Wout van Aert (Team Visma / Lease a Bike) fiert um Enn op déi 30. Plaz, iwwerdeems de Mathieu van der Poel (Alpecin-Premier Tech) sech op der 35. Plaz klasséiert.
Aus Lëtzebuerger Siicht war mam Arthur Kluckers just e Coureur aus dem Grand-Duché um Depart. De Cyclist vum Tudor Pro Cycling Team fiert mat engem Retard vu 5 Minutten an 31 Sekonnen als 74. iwwert d’Arrivée.
1 Philipsen Jasper Alpecin-Premier Tech 5:08:03
2 Andresen Tobias Lund Decathlon CMA CGM Team ,,
3 Laporte Christophe Team Visma | Lease a Bike ,,
4 De Lie Arnaud Lotto Intermarché ,,
5 Donaldson Robert Team Jayco AlUla ,,
6 Trentin Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,
7 Mozzato Luca Tudor Pro Cycling Team ,,
8 De Gendt Aimé Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team ,,
9 Abrahamsen Jonas Uno-X Mobility ,,
10 Stuyven Jasper Soudal Quick-Step ,,
74 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team 5:31