Um Samschdeg war d'Suite vum drëtte Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an Hären.

Um Samschdeg goufen dann och nach d'Aachtelsfinallen an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären gezunn. Den Titelverdeedeger Basket Esch trëfft an der Neioplag vun der Finall 2024 op d'Etzella Ettelbréck. De kompletten Iwwerbléck fannt dir hei.

Hären

D'Arantia Fiels an de Basket Esch hu bis zum Schluss ëm d'Victoire gestridden, um Enn setzt sech d'Ekipp aus dem Süde knapp mat 77:74 duerch. Mam Michael Carter hat d'Lokalekipp aus der Fiels en neie Spiller am Kader, d'Reussite huet bei der Arantia aus der Distanz gefeelt (5/28 Dräier) fir dëse Match ze gewannen. Bei de Gäscht huet de Quinten Nelson 25 Punkten geworf, de Clancy Rugg koum op 19 Punkten.

D'Résidence Walfer setzt sech an engem weideren enke Match auswäerts mat 88:85 géint de Stater Racing duerch. De John Slajchert a Filip Vranjes hunn allebéid 26 Punkte fir d'Gäscht markéiert.

D'Amicale Steesel wënnt mat 95:89 géint d'Musel Pikes, doduerch verléieren d'Pikes dës Saison fir déi éischte Kéier. Fënnef Spiller hunn der Lokalekipp zweestelleg gescort an d'Ekipp huet 15 Dräier getraff, 25 Punkte goungen op de Kont vum Ahston Sherrell.

Um Freideg hat sech den T71 Diddeleng auswäerts mat 89:77 géint d'Kordall Steelers behaapt.

Dammen

Bei den Damme realiséiert d'Sparta Bartreng e staarke Comeback a wënnt um Enn mat 91:85 géint den AB Conter. D'Lokalekipp louch fréi am Match 9:21 am Réckstand, huet sech allerdéngs zeréck gekämpft an d'Partie no enger spannender Schlussphas gewonnen. D'Naomi Davenport konnt 31 Punkte markéieren, déi nei Profispillerin Jordan King (23 Punkten) souwéi d'Nicole Torresani (20) hunn offensiv och iwwerzeegt.

D'Amicale Steesel notzt e staarke leschte Véierel (24:9), fir sech mat 79:62 géint de Basket Esch ze behaapten. Mat 20 Punkte konnt d'Kathryn Missavage an engem staarke Kollektiv iwwerzeegen.

RTL

© RTL

Um Freideg hat sech den T71 Diddeleng doheem mat 78:49 géint Wolz duerchgesat.