Jonk Rout Léiwe musse sech 1:2 an Island geschloe ginn
D'Ekipp vum Mario Mutsch rutscht duerch dës Defaite op déi leschte Plaz am Grupp C.
No dräi Spilldeeg stoung d'Ekipp vum Trainer Mario Mutsch virun der Partie an Island mat zwee Punkten op der fënnefter Plaz am Grupp C, an deem ënner anerem och Frankräich an d'Schwäiz dra sinn. Nëmmen ee Punkt Avance haten d'Islänner op déi jonk Rout Léiwen, deemno konnt ee sech duerchaus e Match op Aenhéicht erwaarden.
Déi éischt geféierlech Aktiounen goungen op de Kont vun den Haushären. Souwuel de Baldur Kári Helgason, wéi och Hilmir Mikaelsson haten et no ronn 10 Minutte probéiert. De Joao Margato am Lëtzebuerger Gol konnt zweemol Schlëmmeres verhënneren. Näischt méi maache konnt de Nidderkuerer Golkipp an der 27. Minutt. No engem Corner konnt de Benony Breki Andresson den 1:0 markéieren.
D'FLF-Selektioun huet de Ball zwar zäitweis net schlecht lafe gelooss, mä d'Spectateuren zu Reykjavik hunn awer bis kuerz virun der Paus op déi éischt gutt Offensiv-Aktioun vun de Lëtzebuerger misse waarden. Déi hat et dofir awer a sech. No enger Flank vum Yohann Torres konnt den Jayson Videira ausgläichen. Puer Amenter méi spéit koum den Rayan Berberi am géigneresche Strofraum fräi zum Kappball, dat ronnt Lieder goung awer e Stéck laanscht de Gol.
Island wollt dat net op sech sëtze loossen an huet d'FLF-Selektioun nom Säitewiessel defensiv ëmmer rëm viru Problemer gestallt. De Mario Mutsch konnt sech awer op säi Golkipp verloossen. De Joao Margato huet am Ufank vun den zweete 45 Minutten mat dräi gudde Paraden dofir gesuergt, datt seng Ekipp net direkt nees a Réckstand geroden ass. No ronn enger Stonn huet de Jóhannes Kristinn Bjarnason awer vun enger weiderer Lëtzebuerger Onsécherheet profitéiert fir op 2:1 ze stellen.
D'Islänner haten an der Suite weider gutt Golgeleeënheeten, mee entweder d'Lat stoung am Wee, oder et huet am Ofschloss u Prezisioun gefeelt. An der Nospillzäit huet op der Lëtzebuerger Säit den agewiesselten Adulai Djabi Embalo no sengem zweete perséinleche Foul bannent zwou Minutte mat giel-rout en Tick éischter missen dusche goen.
Dat war och de Schlusspunkt an dësem Match. No dem 2:2-Remis e Freideg an Estland verléieren déi jonk Rout Léiwe 1:2 zu Reykjavik géint Island. Weider geet et fir déi Lëtzebuerger U21-Nationalekipp den 13. November mam Réckmatch heiheem géint d'Islänner. Fënnef Deeg drop krit et d'Ekipp vum Mario Mutsch heiheem mat der Schwäiz ze dinn.