Tornado Lëtzebuerg a Beefort Knights feiere Victoiren

© Val Wagner / RTL Archivbild
De Weekend war den Tornado Lëtzebuerg am franséische Championnat gefuerdert an d'Beefort Knights am belsche Championnat.
No der Victoire op heemeschem Buedem e Samschdeg steet den Tornado Lëtzebuerg op Plaz zwee an der Tabell vun der zweeter franséischer Äishockey Divisioun. Viru ronn 750 Zuschauer huet ee mat 4:1 géint Reims gewonnen an et läit een esou momentan mat 6 Punkten op der 2. Tabelleplaz hannert Évry-Viry 2.
Den nächsten Samschdeg geet et fir d'Lëtzebuerger bei den Tabellendrëtte La Roche sur Yon.
Nodeems d'Beaufort Knights de leschten Samschdeg, den 11. Oktober zu Hasselt mat 5:4 am Penalty-Schéissen gewonnen hunn, hu si och dëse Weekend eng Victoire an der éischter Divisioun an der Belsch gefeiert. Mat 5:1 huet een zu Leuven géint d'Chiefs White geklappt. Weider Detailer zu de Matcher ginn et hei.
Den nächste Samschdeg geet et dann op Antwerpen.
Hei d'Resultater vun desem an leschten Weekend vun den Beaufort Knights an der 1. belscher Divisioun: