Schi Alpin
Marco Odermatt wënnt den éischte Riseslalom vun der Saison
© AFP
Bei den Hären huet d'Saison am Schi Alpin e Sonndeg mat engem Riseslalom zu Sölden ugefaangen.
Nom Optakt vun der neier Saison fir d'Dammen e Samschdeg, wou et eng iwwerraschend Victoire fir d'Julia Scheib gouf, war et e Sonndeg och fir d'Hären nees lassgaangen. Beim Riseslalom zu Sölden konnt sech hei de Marco Odermatt den éischte Succès vun der Saison sécheren. De Schwäizer stoung no zwee Duerchgäng mat engem Virsprong vun 0.24 Sekonne virum Éisträicher Marco Schwarz an 0.27 Sekonne virum Norweger Atle Lie McGrath.
An dräi Woche geet et da weider mam éischte Slalom vun der Saison, deen zu Levi a Finnland ausgedroe gëtt.
Am meeschte gelies