Weiderentwécklung vun Traineren am ganze Land steet am Vierdergrond
En Dënschdeg de Mëtteg gouf op enger Pressekonferenz am INS den neie Projet "Long Term Coach Development" vum INAPS an dem Sportsministère presentéiert.
Mat engem neie Projet, dem "Long Term Coach Development", kuerz "LTCD", wëll den INAPS d’Coachen an d’Traineren am Grand-Duché an de Vierdergrond stëllen. Zil vun dësem Projet soll et sinn, d’Traineren an hirer Aarbecht ze ënnerstëtzen, d’Weiderentwécklung virun ze dreiwen an de Fair Play am Sport ze valoriséieren, wéi de Jérôme Altmann, Chef vum Projet INAPS, erkläert.
"Mir wollte mam LTCD ee Konzept entwéckelen, wou de Coach gestäerkt a valoriséiert soll ginn. Dat ass eis mat dësem Dokument gelongen an et ass eng wichteg Saach. De Coach huet vill Responsabilitéiten, déi oft och wäit iwwer d’Linne vum Terrain eraus ginn an dofir ass hei an dësem Dokument de Kader gesat ginn. De Coach als Role Model, wéi e sech ze verhalen huet a wéi e respektéiert soll ginn, et ass einfach ee flott Referenzdokument fir d’Traineren."
An awer ass et eng Saach, dës Punkten an engem Dokument festzehalen, an eng ganz aner déi dann och bis op den Terrain ze transportéieren. Dat probéiert ee beim INAPS mat Hëllef vun engem Aktiounsplang ze maachen. Eng Remise de Diplome, wou den Traineren hir Aarbecht valoriséiert gëtt, Workshops an ee Folgedokument sollen Deel vun dësem Aktiounsplang sinn.
"Et ass richteg, dat Pabeier gedëlleg ass. Wéi hei presentéiert hu mir een Aktiounsplang op d’Bee gestallt. Mir wëllen dat Dokument ënnert d’Leit bréngen, notamment mam éischte Folgedokument, engem Integritéitsplang fir Trainer, dee Muer och all d’Laureaten ënnerschreiwe sollen, an deen eng Fest Plaz wäert hunn an eise Formatioune vum INAPS."
An och mat engem nationalen Trainer Dag, deen de 4.Juli 2026 stattfanne soll, wëll ee probéieren, den Austausch tëscht den Traineren ze vereinfachen an eng besser Weiderentwécklung ze erméiglechen.
"Dat ass nach bësse méi wäit ewech an dat hu mir elo nach net konkret ausgeschafft, mee dat gëtt eng weider Plattform, wou ee kann den Trainer promouvéieren an dat wäert eis do och sécher geléngen. Et ass wéi ee groussen Echange, wou d’Trainer vu verschiddenen Sportaarte Saache präsentéieren an ee flotten Austausch kënnen hunn."