Nagelsmann nominéiert de Kölner Said El Mala fir de Match géint Lëtzebuerg
© MALTE OSSOWSKI/SVEN SIMON / SVEN SIMON / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
De Robin Koch an den Angelo Stiller sinn ënner anerem net selektionéiert ginn. Dofir awer de Leroy Sané an de Malick Thiaw.
En Donneschdeg de Mëtteg huet den däitsche Futtballnationaltrainer Julian Nagelsmann säi Kader fir déi lescht zwee Matcher an der WM-Qualikatioun géint Lëtzebuerg an d'Slowakei annoncéiert. Par Rapport zu de Lännermatcher am Oktober ginn et verschidde Changementer. Fir déi éischte Kéier gouf de Kölner Said El Mala selektionéiert. De Mëttelfeldspiller vum däitschen Opsteiger 1. FC Köln a bis dohin U21-Nationalspiller huet mat gudde Prestatiounen am Championnat op sech opmierksam gemaach, dorënner mat 4 Goler an 2 Virlagen an 9 Matcher.
Donieft feieren zwee Spiller hire Retour bei d'DFB-Ekipp. De Leroy Sané vu Galatasary Istanbul an de Malick Thiaw vun Newcastle United sinn nees mat dobäi. Den 38 Joer alen Nagelsmann verzicht fräiwëlleg op de Robert Andrich, de Robin Koch, den Angelo Stiller an de Maximilian Beier. Net selekionéiert goufen ënner anerem och den Deniz Undav an de Robin Gosens.
Weiderhin feelen déi Blesséiert Marc-André Ter Stegen, Antonio Rüdiger, Jamal Musiala a Kai Havertz, wéi och den Niclas Füllkrug an den Tim Kleindienst.
Virun deene leschten zwee Spilldeeg an der WM-Qualifikatioun steet déi däitsch Futtballnationalekipp am Grupp A zwar op der 1. Plaz, muss awer weider Punkte sammelen, fir déi punktgläich Slowake weiderhin hannert sech ze loossen. Direkt hannen dru steet Nordirland mat 6 Punkten op Plaz 3.