En Donneschdeg war de 4. Spilldag an der Europa League. Den SC Freiburg ka sech mat 3:1 zu Nice behaapten, nodeems se 0:1 hanne waren.

Den FC Porto kënnt net iwwert en 1:1 Gläichspill géint den FC Utrecht aus Holland.

Dinamo Zagreb verléiert doheem 0:3 géint Celta Vigo.

Am Match Sporting Braga géint KRC Genk si richteg vill Goler gefall. Braga war no 30 Minutten 1:0 vir, Genk konnt awer nach an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent ausgläichen. No 60 Minutte war Genk 3:1 vir, ma Braga konnt verkierzen, éier Genk eng Minutt méi spéit op 4:2 konnt erhéijen. An der 86. huet Braga awer nees op 3:4 verkierzt. Genk konnt dat Resultat iwwert d'Zäit retten a gewënnt auswäerts.

Tëscht dem VfB Stuttgart a Feyernoord Rotterdam stoung et laang 0:0. An der 84. Minutt huet den El Khannouss d'Stuttgarter awer mam 1:0 erléist, éier den Undav an der Nospillzäit de Schlusspunkt markéiere konnt mam 2:0.

Resultater am Iwwerbléck

Midtjylland - Celtic Glasgow 3:1 
Dinamo Zagreb - Celta Vigo 0:3
Roter Stern Belgrad - Lille 1:0
RB Salzburg - Go Ahead Eagles Deventer 2:0
Nice - Freiburg 1:3
FC Utrecht - FC Porto 1:1 
Sturm Graz - Nottingham Forest 0:0
FC Basel - FCSB Bukarest 3:1
Malmö FF - Panathinaikos 0:1
Aston Villa - Maccabi Tel Aviv 2:0
Ferencváros Budapest - Ludogorez Rasgrad 3:1
Bologna - Brann Bergen 0:0
PAOK - BSC Young Boys 4:0
Real Betis - Olympique Lyon 2:0
Viktoria Pilsen - Fenerbahçe SK 0:0
Sporting Braga - KRC Genk 3:4
Stuttgart - Feyenoord 2:0
Glasgow Rangers - AS Roma 0:2