An der Formel 4 léiert ee vill Basen. Dovu konnt ech am Carrera Cup profitéieren
Nieft dem Dylan Pereira an dem Carlos Rivas ass mam Chester Kieffer elo e weidere Lëtzebuerger am Porsche Carrera Cup ukomm.
Den 18 Joer ale Pilot ass vun der franséischer Formel 4 eriwwer an de GT-Sport gewiesselt an huet a sengem éischte Joer am Carrera Cup Frankräich, mat 10 Victoiren an 12 Courssen, de Rookie-Klassement vum Porsche Carrera Cup Frankräich gewonnen.
Den Chester Kieffer: "Ech wollt de Rookie-Klassement gewannen, mee och esou wäit wéi méiglech vir am General stoen. Dat war mäi gréissten Zil. Ech hat den Auto a Vitess, fir gutt Saache kënnen ze maachen."
Am Porsche Carrera Cup kënnen déi jonk Piloten hiert Talent ënner Beweis stellen. D’Autoe sinn alleguerte gläich. Den Ënnerscheed mécht de Pilot mat senger Aart a Weis ze fueren a mam Setup.
D’Ekipp CLRT, fir déi den Chester Kieffer fiert, ass eng vun deene beschten Ecurië mat Top-Piloten, wéi zum Beispill dem Larry Ten Voorde, dem Marvin Klein oder dem Allesandro Ghiretti. Alles Nimm, déi sech virun allem am Carrera Cup etabléiert hunn an och an anere Serië schonn op sech opmierksam konnte. Genee dovu konnt den Chester Kieffer profitéieren:
"Wann natierlech esou Piloten dobäi sinn, dann ass et fir Tipps ze ginn. Heiansdo fiert en och selwer eng Referenz-Ronn, dass ee ka gesinn, wat en nach verbessere kann. Et ass ëmmer gutt, esoueen um Weekend dobäi ze hunn, fir eppes draus ze léieren."
D’Experienz aus der Formel-4 huet gehollef, fir och am GT Sport Fouss ze faassen:
"An der Formel 4 léiert ee vill Basen. Dat konnt ech alles mat eran an de Carrera Cup bréngen. Et ass anescht wéi F4 wéinst dem Gewiicht vum Auto, mee soss gouf et keng grouss Differenz beim Fueren."
Och d’Sessiounen am Simulator si fir den Chester Kieffer wichteg. De jonke Pilot sëtzt e puer Stonne pro Dag an dësem Cockpit fir ze trainéieren.
"Déi Sensatiounen, déi een am Sim kritt, sinn déi selwecht Sensatiounen, déi een am Auto och spiert. Et ass e grousse Virdeel, fir deen als Training ze benotzen."
Beandrockend war dem Chester Kieffer seng Course zu Spa. No engem impressionanten a couragéierten Iwwerhuelmanöver an der Eau Rouge konnt hie mat senger drëtter Plaz säin éischte Podium am General feieren:
"Dofir hunn ech alles ginn. Ech hu mäi Coequipier, de Louis Perrot, och gedréckt, dass mir Zwee d’Chance hätten d'Konkurrenz ze iwwerhuelen. Wéi mir dunn an der Positioun waren hunn ech geduecht: 'Ech wëll meng drëtte Plaz an ech huelen de Fouss net vum Gaass.E An deem Moment war ech esou determinéiert, fir déi Positioun ze kréien."
Den Chester Kieffer huet dës Saison op alle Fall bewisen, dass hie sech am Carrera Cup weider ka beweisen. Wéi et nächst Saison weidergeet ass nach net gewosst, mee d'Basis, déi hie matbréngt, steet ob alle Fall op engem stabille Fundament.