Déi spannend F1-Saison geet op déi lescht Ligne Droite. Dräi Coursse bannent zwou Wochen: Las Vegas ass den Optakt vun engem intensiven Tripleheader.

D’lescht Joer konnt de Max Verstappen zu Las Vegas den Jackpot knacken a sech fréizäiteg säi véierten Titel sécheren. Dëst Joer ass den Jackpot sécher. Et wäert kee grousse Gewënner ginn, héchstens ee Verléierer. Wann de Verstappen dëse Weekend 10 Punkten oder méi op den Tabelleleader Norris verléiert, muss hien seng Plaz am WM-Casino raumen. Mee d’Chancë sti gutt, dass och no Las Vegas dräi Piloten um Roulette-Dësch iwwreg bleiwen. An der Vergaangenheet war de Circuit a Schwéngchen-Form nämlech déi grouss Schwächt vu McLaren, esou dass Red Bull um Pabeier Favorit ass. Mee wann et däischter gëtt, ass zu Las Vegas alles méiglech.

Gëtt et och dëst Joer erëm eng Iwwerraschungsvictoire? Kann de Verstappen seng WM-Hoffnung um Liewen halen? Oder kann den Norris sech säin éischte Matchball fir Katar sécheren?

Suivéiert de FORMULA 1 HEINEKEN SILVER LAS VEGAS GRAND PRIX 2025 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

D'Analys vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

D'Schwéngchen an der Wüst vun Nevada ass technesch net besonnesch usprochsvoll. Änlech ewéi zu Sotschi sinn d'Kéiere bal all am selwechte Vitessberäich an et muss ee keng gréisser Kompromësser agoen, fir de Setup vum Auto festzeleeën. Am Géigendeel, et kann ee sech op ee klenge Beräich konzentréieren an dësen optiméieren. Ecurië mat schwieregen Autoe kënnen doduerch och mol besser do stoen, wa si de Sweet Spot treffen.

Well déi meescht Kéieren 90°-Knécke sinn - wou den Appui vill manner dominéiert - an et vun do eraus op laang Vollgaspassagë geet, ass et méiglech, méi no hannert dem Géigner ze bleiwen, vum Wandschiet ze profitéieren an z'attackéieren. Ganz grousse Spektakel läit also an de Kaarten!

De Mailänner Chimist gëtt och gefuerdert, virun allem vun de kalen Temperaturen, déi nuets gären an den eestellege Beräich falen. D'Pneue kënne verhäerten, wat Graining an Tearing verursaacht. Dat heescht de Gummi gehäit Wirschtercher oder räisst wuertwiertlech auserneen an notzt doduerch séier of.

Graining hin oder hier - Las Vegas verlaangt héije mechanesche Grip an en effizienten Auto, dee säin Appui och mat wéineg Flillek hikritt. Dat zweet läit dem roude Stéier, dat éischt elo manner... Mee de Max huet mat enger frëscher Power-Unit trotzdeem vläicht nach en Ass am Aarm?

Gëtt et Ochsebrot amplaz Schwäin? Faites vos jeux!

RTL

© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d'F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d'Livestreamen an d'Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d'Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play

Freideg, 21. November 2025: 1h25 – 2h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Freideg, 21. November 2025:  4h55 – 6h05
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 22. November 2025: 1h25 – 2h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play

Samschdeg, 22. November 2025:
Ufank vun der Emissioun: 4h55
Start vun der Qualifikatioun: 5h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 6h10
Commentaire: Franky Hippert a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play

Sonndeg, 23. November 2025: 
Ufank vun der Emissioun: 4h30
Depart vun der Course: 5h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 7h15
Commentaire: Franky Hippert a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2025

21. bis 24. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

28. bis 30. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2025
Lusail International Circuit - Qatar

5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi