Um 2. Dag vum Novotel Cup an der Coque gewannen déi Lëtzebuerger Dammen 3:2 géint England. D'Hären dogéint verléieren 1:3 géint Norwegen.

D'Selektioun vu Böhmen huet de Samschdeg 0:3 géint England verluer a Norwegen klappt Schottland 3:0.

De Sonndeg dann ass den 3. Dag vum Novotel Cup an der Coque wou Schottland a Norwegen géint England untrieden a Lëtzebuerg ët als éischt mat Norwegen an dono mat der Selektioun aus Böhmen ze di kritt.