Volleyball: Dikrech a Stroosse gewannen

Volleyball, 14. Spilldag: Fenteng-Stroossen 2:3, Péiteng-Luerenzweiler 1:3, Walfer-Dikrech 0:3, Bartreng-Bouneweg 0:3
Souverän Victoire um Samschdeg fir den Tabelleleader Dikrech, 3:0 gewënnt ee géint Walfer.
Eng 3:2-Victoire fir Stroosse gouf et am Verfolgerduell géint Fenteng.
Do dernieft klappt Bouneweg Bartreng mat 3:0 a Péiteng zitt mat 1:3 géint Luerenzweiler de Kierzeren.
Bei den Dammen huet de Spëtzenduo Mamer a Walfer gewonnen. Mamer klappt d'Gym 3:2 a Walfer setzt sech 3:0 géint Esch duerch.
Bartreng packt et dann och nach nom 3:0 géint Stengefort nach fir de Playoff qualifizéiert.
Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller Gilles Braas leeft et an der 2. Bundesliga grad net optimal. Och déi 2. Partie am Joer 2013 huet Coburg verluer, an dat mat 0:3 géint Delitzsch.