Déi gëtt gespillt e Samschdeg ëm 18.30 Auer. Um Donneschdeg den Owend goufe Stengefort a Mamer eliminéiert.

An der éischter Halleffinale vun der Coupe de Luxembourg bei den Damme gewënnt Walfer um Donneschdeg den Owend kloer mat 3-0 géint Stengefort (25-20, 25-10, 25-17).

Déi 2. Halleffinale wënnt d'Gym mat 3-1 géint Mamer.

D'Finale vun der Coupe de Luxembourg am Damme-Volleyball heescht also Walfer géint d'Gym an dat e Samschdeg um 18.30 Auer.